Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach eng Fenster, fir grouss opzemaachen

Chronik

Nach eng Fenster, fir grouss opzemaachen

De Waringo-Rapport hält kloer Mëssstänn um Haff fest. Domat geet fir de Premier Xavier Bettel a seng Regierung eng Méiglechkeet op, fir an dëser Legislaturperiod als Moderniséierer opzetrieden, mengt d'Michèle Sinner a sengem Commentaire.

auto_stories

4 min

An dat obwuel no der Trennung vu Kierch a Staat, dem Mariage fir jiddwereen, an der Scheedungsreform ënner där éischter blo-rout-grénger Regierung op gesellschaftspoliteschem Niveau am Fong all Fënstere grouss opgemaach gi ware fir ze lëften.

Datt dono d'Loft aus der Koalitioun e bëssen eraus war, se kee wierkleche gemeinsame Projet méi hat, mee surtout Dossieren um Leescht, an deene sech déi dräi Parteien net iwwer d'Marschroute eens waren, hat den Alex Bodry kuerz viru sengem Depart aus der Chamber hei op der Antenn ouni vill Ëmgeréits zouginn.

E gemeinsame Projet

D'Reform vun der Monarchie, à Defaut dovun, datt se ofgeschaaft gëtt, kéint fir d'Koalitioun een Dossier ginn, op deem se nees geschlossen zesummeschaffe kéint an dono eppes opzeweisen hätt.

Fir de Premier Xavier Bettel wier et och Geleeënheet säi politesche Profil e wéineg ze schäerfen. Vun deem huet en den Ament wéineg, well hien d'Politik vu senger Regierung kaum no baussen verteidegt an erkläert. Dat iwwerléisst hie meeschtens aneren a beschränkt sech selwer op d'Representéieren, esou wéi dat am Waringo-Rapport am Fong vun der Grande-Duchesse verlaangt gëtt.

Wann hie wëllt, kann hien dee Premier ginn, deen net just fir Transparenz, mee och fir Recht an Uerdnung um Haff suergt. Bis elo huet hie sech schlau ugeluecht. Hien huet mam Jeannot Waringo e Spezial-Representant op den Haff geschéckt, dee mat sengem gudde Numm als fréieren Direkter vun der Inspection générale des finances an iwwer all Zweiwel erhaben elo amtlech confirméiert huet, datt de Grand-Duc a seng Fra net amstand sinn, hiren eegene Betrib ze dirigéieren. Dat obwuel si 2015 justement selwer eng Reform initiéiert haten, fir d'Monarchie wéi eng Privatfirma mat General Manager ze dirigéieren.

Et war och e schlaue Schachzuch vum Xavier Bettel de Rapport ze publizéieren a e bësse mautschen ze loossen, fir dat jiddwereen selwer kéint noliesen, wat hanner der schéiner Fassade vum Palais Ellenes geschitt. Mëttlerweilen interesséiert sech dofir esou guer de Parquet. Dowéinst kënnt souguer d'CSV elo kaum dolaanscht, fir Verfassungsännerungen zouzestëmmen, fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse dee facto ënner Tutelle ze huelen, obwuel si aus Trotz déi grouss Verfassungsreform verhënnert huet.

E breede Konsens

D'Stëmmung am Land war nach ni esou gënschteg fir eng Reform vun der Monarchie. De Konsens, datt Grand-Ducs mat eise Steieren net dierfen maachen, wat si wëllen, mee gefällegst ze maachen hunn, wat mir wëllen, datt si hir Mataarbechter net kujenéieren dierfen, wéi zu Zäiten vum Absolutismus, ass esou grouss, datt esouguer d'Allianz tëschent Kierch a Kroun bréckelt.

Dat gouf déi lëscht Woch kloer, wéi d'Lëtzebuerger Wort der Grande-Duchesse hirem Frënd a Verteideger, dem Stéphane Bern, seng Chronik gestrach huet. Wéi et drop ukoum, huet dem Bistum seng Zeitung sech net fir déi kathoulesch Monarchie, mee fir déi demokratesch Valeur vun der Pressefräiheet decidéiert. Do gëtt een op eemol bal houfereg, Member vun der "petite journaille" ze sinn.

Fir datt déi Reform ka geléngen, muss de Premier sech elo kloer zum Rapport vu sengem Spezialagent bekennen an d'Recommandatiounen doraus ouni ze piddelen ëmsetzen.

Beim Wieler punkten

Wann et geléngt aus der Operettemonarchie eng ze maachen, déi d'Land net blaméiert, kéint déi aktuell Regierungskoalitioun net just bei dem gesellschaftspolitesch liberalen Elektorat punkten, dat schonn no de Walen 2013 zimmlech séier vun hir enttäuscht war. Do gëtt et Leit, déi sécher léiwer eng Republik hätten. Mee vu datt schonn elo kaum nach ee sech wëllt hiergi fir Minister ze ginn, wëssen déi och net, wou een nach e President oder eng Presidentin soll erbäi zauberen.

Op där aner Säit ass dat wirtschaftsliberaalt Elektorat, dat gehollef huet dës Koalitioun zustanen ze bréngen, zefridden, sou laang de Grand-Duc an de Prënz op Wirtschaftsmissiounen a bei Staatsvisitte Klenschen drécken an Hänn rëselen, fir Geschäfter ze erméiglechen. Virun allem dës Leit sinn ëmmer ëm de spuersamen Ëmgang mat Steiergelder besuergt, kënnen also näischt géint eng Reform hunn, déi dorop erausleeft.

A wärend am Palais opgeraumt gëtt, vergiessen d'Wieler fir déi Zäit vläicht esouguer hir aner Problemer e wéineg. Zum Beispill deen, datt si sech selwer weder e Schlass, nach eng Hütt kënne leeschten.