Déi véiert Etapp vum Tour fiert en Dënschdeg zu Munneref fort. D'Streck géif den Owend virdru mat de Responsabele vum Tour preparéiert ginn, esou de Yannick Raguet vun der Gemeng Munneref: "Si wäerten eis genee soen, wou d'Beschëlderungen an d'Clôturë musse stoen." Dës Instruktiounen misst d'Gemeng dann iwwert d'Nuecht ëmsetzen.
D'Preparatioune fir d'Spectateuren z'empfänken hätt d'Gemeng awer schonn am Viraus geholl, seet de Yannick Raguet. En Denschteg gi sech "bis zu 5.000 Visiteuren" zu Munneref erwaart. Si géifen d'Méiglechkeet kréien, de Coureure "ganz no" ze kommen: "Et gesäit een, wéi si sech bei de Busser vun den Equippe preparéieren, an et gesäit een, wéi si virun der Etapp presentéiert ginn an op d'Ligne de Depart ginn. Vun esou no kritt een d'Coureure bal net méi ze gesinn."
D'Sécherheet gëtt op "nationalem Niveau" organiséiert
Fir d'Gemeng wär dee gréissten Defi gewiescht, déi néideg Zuel u Benevollen ze fannen. "Mir hunn am Ufank gemengt, et géif méi schwéier ginn, Benevollen ze fannen," esou de Yannick Raguet, mä duerch Opriff bei de lokale Clibb hätt ee schlussendlech eng 180 Benevollen fonnt. Si gi virun allem gebraucht, fir d'Festivitéite ronderëm den Depart z'organiséieren, déi sech iwwer véier Deeg zéien.
D'Gemeng Munneref huet e Budget vun 150.000 Euro fir d'Organisatioun vum Depart virgesinn. Wat d'Sécherheet ugeet, wären "déi normal Mesuren" en place, "déi ëmmer bei gréissere Festivitéiten ergraff ginn." D'Sécherheet wär gréisstendeels op nationalem Niveau vun der Police an de Rettungsdéngschter organiséiert ginn, esou de Responsabele vun der Gemeng.