Franséisch Presidentiellen 2017 Onkloer Regele fir d'Wahlkampagne zu Lëtzebuerg

Virum éischten Tour vun de franséische Presidentewahlen e Sonndeg gëtt och zu Lëtzebuerg nach Campagne gemaach, fir déi 45.000 Fransousen z'iwwerzeegen, déi hei am Land liewen. D'Regelen dofir wieren awer net kloer, seet d'Sozialistin Monique Dejeans.

Maxi Pesch

Monique Dejeans_Edouard Oddo.jpg
Monique Dejeans an Edouard Oddo

D'Campagne hei am Land géif virun allem iwwert d'sozial Netzwierker lafen. "Wahlveranstaltungen organiséieren oder Pousteren ophänken ass net erlaabt", esou den Edouard Oddo vu "Les Républicains."

Och d'Monique Dejeans vun de Sozialiste sot, datt d'Regelen, wéi eng Campagne bei auslännesche Wahlen dierf oder net dierf gemaach ginn zu Lëtzebuerg, onkloer wieren. "Mir hu mol kee Recht kleng Stänn opzeriichten. Ech hunn awer nach kee Gesetzestext fonnt, wou dat drasteet ". D'Sozialistin hätt bei Lëtzebuerger Deputéierten nogefrot, mä nach keng Äntwert kritt.

Wie sinn d'Fransousen zu Lëtzebuerg?

Allgemeng am Ausland mä awer och zu Lëtzebuerg wier den Taux d'Abstention immens héich, erkläert d'Monique Dejeans. "D'Fransousen deplacéiere sech net gären. Et ass virun allem déi eeler Generatioun, déi wiele geet". D'Fransousen, fir déi d'Parteien hei zu Lëtzebuerg probéiere Campagne ze maachen, géife Frankräich representéieren, esou den Edouard Oddo. Et wiere Leit mat enger grousser Oppenheet. "Si wëllen, datt Frankräich seng Plaz an Europa nees fënnt". De François Fillon wéilt aus Frankräich déi éischt Muecht an Europa maachen. "Ech mengen, wann d'Fransousen am Ausland dat héieren, da wësse si, datt et hirem Land an Zukunft wäert besser goen".

Fir d'Monique Dejeans wieren d'Pensiounen de Problem fir d'Fransousen hei am Land. "Si hunn net alleguerte just zu Lëtzebuerg geschafft, mä komme vun anere Plazen am Ausland". Deemno hätte si Problemer, hir Pensiounen auszerechnen. D'Sozialisten hätten an de leschte Jore vill gemaach, fir d'administrativ Aarbechte fir esou Leit ze vereinfachen.

Gedeelte Parteien

Datt béid Parteien intern gedeelt sinn, ass net nei. Bei de Sozialisten hu sech vill Deputéiert fir de sozial-liberalen Emmanuel Macron ausgeschwat an net fir hire Kandidat, de Benoît Hamon. Dorënner och de Representant vun de Fransousen am Benelux, de sozialisteschen Deputéierte Philippe Cordery. "Et goufe Verréider bannent dem Parti Socialiste. Wat ech elo well gesinn, ass, op de Philippe Cordery sech bei de Legislativ Wahlen nach eemol fir Sozialisten opstellt oder net", esou d'Kritik vun der Monique Dejeans.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

François Fillon Meenung
Franséisch Presidentiellen 2017

Ee Mount virum éischte Wahltour steet d'Campagne vum konservative Kandidat François Fillon weider am Schied vun enger Justiz-Enquête. Hie reagéiert mat enger populistescher Géigenattack.

Wahlcampagne Benoît Hamon
Franséisch Presidentiellen 2017

E "Jo zu Europa" war de Message vum Benoît Hamon op engem Wahlowend zu Bréissel. Mat sengem Optrëtt wollt de sozialistesche Kandidat besonnesch jonk a pro-europäesch Wieler uschwätzen.

Marine Le Pen zu Metz
Franséisch Presidentiellen 2017

D'Marine Le Pen war den 18. Mäerz fir ee Wahlkampfoptrëtt zu Metz. Hir Sympathisante gesinn d'Presidentschaftskandidatin vum rietsextreme Front National als Alternativ zu den etabléierte Parteien.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen