arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monica Semedo trëtt aus DP aus

Affär em Harcèlement psycholog

|
reading time

2 min

Monica Semedo trëtt aus DP aus

No de Sanktiounen am Europaparlament wéinst Harcèlement psychologique: d'Europadeputéiert Monica Semedo huet op Facebook annoncéiert, datt si aus der Demokratescher Partei austrëtt.

reading time

2 min

D'Monica Semedo war virun enger Woch am Europaparlament wéinst Harcèlement psychologique sanktionéiert ginn. D'Partei hat net direkt Konsequenze gefuerdert.

An hirem Facebook-Message huet d'Monica Semedo elo geschriwwen, de Réckhalt an der Partei hätt sech "vun enger Woch op déi aner geännert". No den Evenementer an de leschten Deeg hätt "si hiert Vertraue verluer". Si wier awer weider bereet virun de Comité des Sages vun der Partei ze triede wann dat erwënscht wier.

D'DP hat dës Woch annoncéiert, datt e Comité des sages soll agesat ginn, fir iwwer d'Parteimemberschaft vun der Monica Semedo ze beroden.

play_arrow D'Corinne Cahen bedauert d'Decisioun.

D'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen, déi mer um Telefon konnten ereechen, sot an enger éischter Reaktioun:

"Et ass ëmmer en Echec, wann eng Trennung ass. Mir respektéiere natierlech de Choix vum Monica Semedo fir getrennte Weeër ze goen. Mir wollten a Rou déi Saach an eise Gremien diskutéieren an déi richteg Decisioun huelen um Enn vum Prozess. Dat am Sënn vun de Valeuren, déi mir als DP vertrieden, an och an deem Sënn vun deem, wat mir eise Wieler versprach hunn. An elo ass d'Monica Semedo deenen Decisiounen aus dem Parteigremium zevirkomm. An dat bedauere mer an huele Kenntnis dovun."

Ob si hiert Mandat am Europaparlament als onofhängeg Deputéiert wëll weider féieren, oder ob si wëll d'Partei wiesselen, schreift d'Monica Semedo net an hierem Message.

27 vun de 705 Deputéiert am Europaparlament sinn den Ament onofhängeg.

Déi fréier RTL-Mataarbechterin Monica Semedo hat 2018 fir t'éischte Kéier fir d'DP bei Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt. 2019 ass si hannert dem Charel Goerens an d'Europaparlament gewielt ginn.