arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Monica Semedo bleift Member vu "Renew Europe"

No Mobbing-Affär

|
reading time

1 min

Monica Semedo bleift Member vu "Renew Europe"

D'Monica Semedo bleift eisen Informatiounen no Member am liberale Groupe "Renew" vum Europaparlament, als onofhäng Europadeputéiert. Eng formell Decisioun doriwwer gouf et awer net.

reading time

1 min

Datt si am Groupe bleift, wier "implizit", well op der Reunioun vum Büro vun der Fraktioun e Mëttwoch, keng Demande gemaach gouf, datt d'Lëtzebuergerin sollt ausgeschloss ginn, huet et aus Kreesser vun der Fraktioun geheescht.

Et wier dem Grupp schwéier gefall, iwwer de Fall vun der fréierer DP-Politikerin ze jugéieren, well ee keng Informatiounen aus dem Dossier selwer huet. Och op Nofro krut d'Parteispëtzt keng Detailer matgedeelt iwwer déi intern Enquête wéinst Mobbing géint d'Monica Semedo. Den Dossier ass confidentiell a gëtt net publizéiert.

D'Lëtzebuerger DP hat der Fraktioun vu Renew matgedeelt, datt d'Monica Semedo aus der DP ausgetrueden ass, an datt deemno vun elo un déi Lëtzebuerger Delegatioun an där Fraktioun just nach aus dem Charel Goerens besteet. Och si huet keng Demande gemaach, datt hire fréiere Member sollt aus der Fraktioun ausgeschloss ginn.

Iwwerdeems ass net ausgeschloss, datt d'Affair nach virun engem Geriicht tranchéiert gëtt, am Fall wou d'Victimme eng Plainte machen.