arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen eis net méi virféiere loossen"

Sozialdialog

|
reading time

2 min

"Mir wëllen eis net méi virféiere loossen"

De Patronatsdaachverband UEL huet confirméiert, datt et an Zukunft zu Froe vum Aarbechtsrecht nëmmen nach bilateral Verhandlunge vum Aarbechtsminister mat de Sozialpartner solle ginn a keng Verhandlungen zu dräi méi.

reading time

2 min

Nodeems den UEL-President Nicolas Buck nei gewënschten Aarbechtsmethoden ugekënnegt hat, krut hie vun de Gewerkschaften e Boykott an eng "verantwortungslos an inacceptabel Attack op de Sozialdialog" virgehäit.

Fir den Nicolas Buck geet et ëm d'Method an drëms, fir Modeller fir ze schaffen ze entwéckelen. Esou wéilt een den Erausfuerderunge vun der Zukunft gerecht ginn. Dem UEL-President war et wichteg op der Pressekonferenz richteg verstanen ze ginn no de Kritike vun OGBL, LCGB an CGFP.

"Dee Match kann een net gewannen"

Am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE) géif d'UEL éischter "gepisakt" a "virgeféiert" ginn. Fir den Nicolas Buck ass et dofir "nëmme legitim, datt een do eng Kéier d'Konsequenzen zitt, datt een da fënnt, datt dat Gremium net ugepasst ass". Säi Virschlag wier eng Konsequenz aus engem Vertrauensverloscht, duerch dat ugeschwate Virféieren an dësem Gremium.

Fir den Nicolas Buck misst säi Virschlag der Politik entgéint kommen, fir der Politik "hir Verantwortung nees zeréck ze ginn, déi se ëmmer hat, an déi se sech och ëmmer geholl huet", esou de President vun der UEL. Donieft géif et dorëm goe fir méi effikass kënnen ze verhandelen, esou de Spriecher vum Patronat.

"Eng Verhandlung muss ëmmer eng Win-Win-Solutioun fir béid Parteie sinn. Et ass e bësse wéi wann ech mat mengem fréiere Veräi vun der Spora, wa mir op d'Grenz spille gaange wären, a mir hätten net 11 géint 11 gespillt, mee 11 géint 15 a mir hätten de Ball just mam lénke Fouss kënne spillen. Dat ass de CPTE an zwee Wierder ausgedréckt. (...) An dee Match kënnt dir net gewannen."

"Et geet net ëm den Image"

Bei den Entwécklungen aus de leschten Deeg géif et net ëm den Image vun der UEL oder ëm den Image vum OGBL goen, huet den Nicolas Buck erkläert. Fir de Standuert Lëtzebuerg wieren d'Diskussiounen awer net positiv, grad fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg. "Dat hei ass en internationale Standuert", seet de President vun der UEL, wou een "eng Paix sociale" bräicht.

Een ausgeglachene Sozialdialog zu dräi zu Froe vum Aarbechtsrecht wier net méi méiglech, huet den UEL-President op Nofro hi gesot. Changementer un den aktuelle Gesetzer an dësem Beräich wieren awer néideg. Et wier een net méi am Kapitalismus aus dem 19. Joerhonnert. "D'Welt huet sech total gedréit a mir hunn haut en Aarbechtsrecht vum 19. Joerhonnert."