Medien zu Lëtzebuerg "Mir wëllen e faire Marché"
Saint-Paul wier, am Géigesaz zu anere Gruppen, net op d'Pressehëllef ugewisen, wéilt awer net drop verzichten. Fir Saint-Paul wier et wichteg, datt de Marché fair ass. Dofir missten och d'Concessiounsverträg mam radio 100,7 an RTL an zukünfteg Iwwerleeunge mat afléissen. De Staat bräicht eng global Vue, misst kloer soe wat e wëllt an d'Pressehëllef misst laangfristeg ofgeséchert sinn.
Saint-Paul Luxembourg wier net ofhängeg vun der Pressehëllef, ënnersträicht de François Pauly. Op dës Hëllef verzichte wéilt een awer net. Saint-Paul wéilt keen neie Support lancéieren, just an der Optik fir vum Staat ënnerstëtzt ze ginn.
De Grupp hätt 2018 bal zwou Milliounen Euro Benefice gemaach. 2017 waren et 1,2 Milliounen Euro. Dat géif Saint-Paul vun anere Gruppen ënnerscheeden. Saint-Paul hätt an de leschte Jore wéinst sengen Internet-Optrëtter méi Pressehëllef kritt, sou de François Pauly. Fir Saint-Paul wier et generell wichteg, datt de Marché fair ass.
"An ech mengen do soll een och Äert Haus hei mat era bezéien an och de Konzessiounsvertrag vun RTL, well ech mengen d'Press ass jo net nëmmen déi geschriwwen, et ass net nëmmen déi um Internet, et ass och déi geschwaten an et ass och déi a Biller. Ech mengen do brauch een eng global Vue wat de Staat wëll, wat d'Politiker wëllen a wéi een dat da laangfristeg finanziell kann ofsécheren."
Verwaltungsrot mécht sech net an d'Redaktioun an
Vu sengem Virgänger un der Spëtzt vu Saint-Paul, dem fréieren CSV-Minister Luc Frieden, staamt de Saz, datt Journaliste schreiwen däerfe wat se wëllen, awer nëmmen am Kader vun deem, wat vum Conseil festgeluecht ass.
Fir de François Pauly ass dat eng enk Definitioun. An der Ligne éditoriale stéing, datt de Verwaltungsrot net am Operativen intervenéiert, esou den Nofolger vum Luc Frieden un der Spëtzt vum Medien-Haus.
"An ech gesi mech weder capabel nach mat där Missioun fir lo eise Journalisten virzeschreiwe wat se solle schreiwen. Mee et ass kloer, mir hunn eng Ligne éditoriale, déi och um Internet siichtbar ass a mat där sech och - géif ech soen - eis Organer villäicht vun anere kënnen ënnerscheeden."
Saint-Paul bedéngt déi verschidde Sproochecommunautéiten
Saint-Paul hätt aus den Echecke vun der Gratis-Zeitung "Point 24" , der franséischsproocheger Zeitung "La Voix du Luxembourg" an dem Radio-Sender DNR déi néideg Léiere gezunn.
Dës Projeten hätte sech wirtschaftlech net méi gedroen an dofir wieren anerer entwéckelt ginn. Als Beispiller nennt de François Pauly Contacto a Radio Latina, déi fir déi portugisesch Nolauschterer e wichtege Support wieren. Fir den engleschsproochegen Deel vum Marché ze bedéngen, wier LuxTimes lancéiert ginn. Op den Internetoptrëtter géif ee generell och probéieren, fir de Leit a franséischer Sprooch d'Méiglechkeet ze ginn, fir d'Aktualitéit ze suivéieren.