Collège Médical "Mir sinn 20 Joer hannendran"
De Collège médical ass géint den Tiers payant généralisé, seet hire President, de Pit Buchler. Grousse Sträitpunkt tëschent der Politik an den Dokteren ass aktuell d'Nomenclature. Dat heescht d'Definitioun vun deem, wat d'Patienten zeréckkréie vun der Gesondheetskeess pro Akt, a wat d'Doktere wéi dierfe fakturéieren.
D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren AMMD hat sech zeréckgezunn aus der Nomenclature-Kommissioun. Et kéint net goen, datt d'Dokteren net an der Commission de nomenclature mat géife schaffen, fënnt de Pit Buchler. Hie geet dovunner aus, datt dat e strategesche Schrëtt vun der AMMD war. D'Doktere sollen awer zeréck un de Verhandlungsdësch, fuerdert hien.
Et wier "la mer à boire" fir d'Nomenclature ze aktualiséieren, seet de President vum Collège médical. Vill Leit géife sech zeréckhale fir nei Tariffer dobäizesetzen. Ëmmer wann et ëm Käschte géif goen, géif et heeschen "Dat kënne mir net maachen", esou d'Kritik vum Pit Buchler.
"Medezin moderniséiert sech quasi all Dag"
De Pit Buchler gesäit dréngende Bedarf fir eng nei Tarifikatioun vun de medezineschen Akten. D'Medezin géif sech bal all Dag moderniséieren, et géif all Dag eppes Neies dobäi kommen. "A mir sinn 20 Joer hannendra fir Saachen, déi nei sinn." Dokteren hätten eng Obligation des moyens, mee si kéinte se net ofrechnen, well keen Tarif dofir virgesi wier.
D'Tarifikatioun zu Lëtzebuerg wier eenzegaarteg op der Welt an d'Festleeë vun dësen Tariffer wier ze lues: "Iwwer dräi Joer huet et gedauert, fir en Tarif anzeféiere fir d'Douleur chronique." Fréier goufen et "Schmerzklinike", mee bis op déi am Centre hospitalier hätte se all opginn, "well et keng Tariffer gi si fir d'Dokteren, déi do schaffen a sech do investéieren." Dës Consultatioune wieren immens laang a wieren net bezuelt ginn. Fir en Tarif anzeféiere wieren iwwer dräi Joer Verhandlungen néideg gewiescht, seet de Pit Buchler.
De Collège médical feiert dëst Joer seng 200 Joer. D'Institutioun gëllt als iewescht Autoritéit fir de Corps vun den Dokteren, déi zu Lëtzebuerg niddergelooss sinn - e Genre professionell Chamber vun de Medeziner. Dem Collège seng Kärkompetenze sinn d'Iwwerwaachung an de Beräicher Medezin a Gesondheet, en huet eng berodend Funktioun a kann och disziplinaresch Mesuren ergräifen.