"D'Leit hunn eis ganz kloer an däitlech gesot, datt dat eng gutt Saach ass", sou de Romain Osweiler iwwer de Referendum iwwert d'Fusioun vun de Gemenge Rospert a Mompech. Hien ass de fréiere Buergermeeschter vu Rouspert an och den neie Buergermeeschter vu Rouspert/Mompech.
D'Awunner vu Rouspert hu beim Referendum zu 80 Prozent fir d'Fusioun gestëmmt. Zu Mompech hu ronn 65 Prozent hiert Kräiz bei "Jo" gemaacht. Fir sou eng héich Zoustëmmung z'erreechen, muss ee mat de Leit schwätzen, seet de Jos Schoellen, de fréiere Buergermeeschter vu Mompech. Eng Gemengefusioun dierft net vun uewen erof decidéiert ginn, mä zesumme mat den Awunner. "Et muss een ëmmer op d'Basis lauschteren. Et muss een ëmmer kucken, wat um Terrain leeft." Dowéinst hätten d'Gemenge vun Ufank un d'Veräiner an d'Kommissiounen an d'Gespréicher mat agebonnen.
Proximitéit an Identitéit
D'Gemeng Rouspert/Mompech zielt ëm 3.500 Awunner an ass flächeméisseg déi fënneft gréisst Gemeng zu Lëtzebuerg. D'Gemengepersonal vu Mompech plënnert an d'Villa Tudor op Rouspert. Hei hätt ee genuch Plaz an dobäi och nach Sputt, fir sech weiderzëentwéckelen, seet den Romain Osweiler. Fir déi Mompecher gëtt domat d'Distanz méi laang, fir an d'Gemengenhaus an der Villa Tudor zu Rouspert. Och de Buergermeeschter ass méi wäit ewech vun hinnen.
"Et ass och flott eng kleng Gemeng ze sinn", seet de Jos Schoellen. Hie wier ganz kloer fir d'Fusioun gewiescht. Awer hien hätt bei enger Rëtsch Bierger d'Angscht gespuert, datt de Politiker méi wäit vun hinnen ewech wier, wann d'Gemeng ze grouss géif ginn.
D'Fro vun der Identitéit war a béide Gemengen en Thema. Et kéint ee verstoen, datt verschidde Leit hir Identitéit wéilten erhalen, seet de Romain Osweiler. Dowéinst wéilt een d'Geschicht vun deenen zwou Gemenge fest am Mompecher Gemengenhaus verankeren.
Finanziell gutt opgestallt
Och déi zwee Fierschtere kréien hei hir Büroen, seet de Jos Schoellen. An et soll en Natur- an Erliefneszentrum entstoen, fir dem Schwaachpunkt un Infrastrukturen um Mëllerdall-Trail zu Mompech entgéintzewierken.
U Schlofméiglechkeete fir den doucen Tourismus wier och scho geduecht ginn, esou de Jos Schoellen. Et kéint ee sech virstellen, déi nieft der Gemeng um Terrain ze maachen. Konkret wier awer nach näischt geplangt. Och Veräiner a Kommissioune sollen am ale Gemengenhaus d'Méiglechkeet hunn, sech ze versammelen.
D'Gemeng Rouspert/Mompech huet awer och nach aner Pläng fir d'Zukunft. Fir déi ze finanzéiere wier een duerch d'Zesummeleeë vun de Keesen an de ronn 6,8 Millioune Fusiounsgelder gutt opgestallt, seet de Romain Osweiler. Et misst een elo net ëmmer direkt op Friemkapital zréckgräifen, fir Projeten ze realiséieren.
Well d'Aarbechtskräfte vun zwou Gemengen zesummegeluecht ginn, kéint d'Gemengepersonal sech a verschidden Dossiere verdéiwen. Dat hätt och Virdeeler fir d'Awunner, seet de Romain Osweiler. Si géifen um Enn eng besser Berodung kréien. An och d'Politiker géife sech hirer Saach méi sécher ginn, wann d'Beamten Zäit hätten, fir sech besser virzebereeden.
Et wéilt een elo fir d'éischt déi Projete weiderféieren, déi virun der Fusioun ugefaange goufen. An enger zweeter Phas wäert een dann nei Projeten zesummen ugoen, seet de Romain Osweiler. D'Mobilitéit, den drëtten Alter, den Tourismus an d'Kultur wieren dobäi Prioritéiten.
"Op Aenhéicht bleiwen"
Bei Gemengefusiounen besteet d'Gefor, datt déi gréisser Gemeng déi méi kleng souzesoe schléckt. Dat wier awer an der Gemeng Rouspert/Mompech net de Fall. "Mir sinn op Aenhéicht a bleiwen dat och. Och wann deen ee vläicht e puer méi Awunner hat", seet de Romain Osweiler.
Am neie Gemengerot ass d'Sektioun Mompech mat sechs Gemengeréit vertrueden a Rouspert mat siwen.
Vun elo un ass d'Gemeng Rouspert/Mompech an enger Iwwergangsphas, déi a fënnef Joer fir déi nächst Gemengewahlen eriwwer ass. Duerno gëtt an der Gemeng Rouspert/Mompech am Proporzsystem mat Lëschte vun de Parteien gewielt.