Monarchie "Mir kënnen eis keen zweete Waringo-Rapport erlaben"

Et wier am Interêt vu jiddwerengem - och vum Haff - datt Reegelen opgestallt ginn an datt sech dann och doru gehale gëtt, seet de Xavier Bettel. Hie wéilt der Monarchie nämlech net schueden, am Géigendeel.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Xavier Bettel
De Xavier Bettel steet zu der Monarchie als Staatsform

De Grand-Duc Henri hätt verstanen, datt den Haff sech an Zukunft un déi Reegelen hale muss, seet de Xavier Bettel: "Ech mengen hie weess, datt ech en Alliéierte sinn". Et géif dem Xavier Bettel net drëm goe fir der Monarchie ze schueden.

"Ech verstoppen et net, datt ech zu eiser Monarchie stinn. Ech stelle mech jo virun en an hannert en."

De Xavier Bettel hätt dem Grand-Duc zwar Fidelitéit geschwuer, mee och fir d'Verfassung an d'Gesetzer ze respektéieren. "An dat eent passt bei dat anert", seet de Staatsminister. Et wier awer net einfach gewiescht fir dee Rapport unzefroen an duerchzezéien, gëtt hien zou.

Monarchie als Staatsform net a Fro gestallt

Säin Usaz wier et éischter, d'Monarchie ze moderniséieren, seet de Xavier Bettel:

"Ech schütze gär d'Institutioun. Dat ass och meng Missioun als Regierungschef, deen den Interlocuteur ass och vum Haff. Mir geet et drëms d'Institutioun ze moderniséieren an doduerch och ze stäerken.

De Premier wëllt, datt d'Monarchie weider bestoe bleift. "Ech wëll, datt mer eng Monarchie hunn, déi keng Kriticke vu bausse ka kréien. Datt mer net national oder international do an d'Schlagzeile geroden, well dat eent oder dat anert net funktionéiert."

De Xavier Bettel wier gefrot ginn, ob hien éischter fir de schwedeschen, belschen oder hollännesche Modell wier. "Ech hätt gär e lëtzebuergesche Modell", äntwert hien dorop.

"E lëtzebuergesche Modell, dee funktionéiert, deen transparent ass, wou et Reegele ginn, an déi Reegelen och applizéiert ginn. Wou et wierklech näischt ze verstoppe gëtt a wou een och keng Reprochë gemaach ka kréien. An ech mengen, datt eis Monarchie och Demandeur ass fir an déi Richtung ze goen."

De Grand-Duc trëtt net zeréck

De Xavier Bettel géif fest dovun ausgoen, de Moderniséierungsprozess um Haff mam Grand-Duc Henri duerchzezéien an op en Enn ze bréngen. Hien hätt keng Indikatiounen, datt eppes un de Rumeuren drun ass, datt de Grand-Duc géif drun denken ofzedanken.

De Grand-Duc wier "voll motivéiert" fir déi Transformatioun a Modernisatioun matzemaachen, an et wier "net een Zeeche vu Middegkeet, vu Schwächt oder vu Flemm" do gewiescht.

"Et ass keng einfach Situatioun. Fir keen. Mee de Grand-Duc wëllt mat an déi Richtung goen, an ech hu keen Zeeche kritt, datt et an eng aner Richtung sollt goen."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Jeannot Waringo a Xavier Bettel bei der Presentatioun vum Waringo-Rapport
Waringo-Rapport

Ronn 90 Prozent vun de Recommandatioune vum Jeannot Waringo a sengem Rapport iwwer de groussherzoglechen Haff solle mam Accord vum Grand-Duc an nächster Zäit ëmgesat ginn, huet de Xavier Bettel ugekënnegt.

Michèle Sinner Kommentar
Chronik

De Waringo-Rapport hält kloer Mëssstänn um Haff fest. Domat geet fir de Premier Xavier Bettel a seng Regierung eng Méiglechkeet op, fir als Moderniséierer opzetrieden, mengt d'Michèle Sinner.

Paul-Henri Meyers
Waringo-Rapport

Et muss gehandelt ginn, an zwar direkt: fir de fréieren CSV-Deputéierten a Verfassungsspezialist Paul-Henri Meyers ass dat d'Conclusioun, déi aus dem Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun um Haff ze zéien ass.

Alex Bodry
Reaktioun op de Waringo-Rapport

De Waringo-Rapport ass eng "sachlech Grondlag fir ze handelen", seet den Alex Bodry. Elo léichen all d'Donnéeën um Dësch, an elo misst gehandelt ginn, sou de Member vum Staatsrot.

Palais
Waringo-Rapport

De Spezial-Representant Jeannot Waringo, dee vum Premierminister mat engem Rapport iwwer d'Personalgestioun vum Haff beoptraagt gouf, fuerdert a sengem Rapport iwwer d'Personalgestioun eng Rei Reformen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen