Mediewelt "Mir hunn d'Wort net verkaf, well eis Finanze schlecht waren"
D'Lëtzebuerger Wort gouf net verkaf, well d'Finanzen vum Bistum schlecht waren, seet Leo Wagener. D'Decisioun fir d'Editiounshaus Saint-Paul ze verkafe géif op laangfristegen Iwwerleeunge baséieren. Et wier "domm" gewiescht, Saint-Paul einfach ze verkafe fir domat d'Paie vun de Paschtéier ze bezuelen.
De Leo Wagener ënnersträicht, datt ee misst laangfristeg Finanzstrategien am Bistum entwéckelen, fir sech op d'Zukunft virzebereeden. Momentan géif nach ee Gros vun de Paie vum Kultusministère iwwerholl ginn, mee dat géif an Zukunft änneren. "Mir brauchen also do recurrent Recetten fir och d'Gehälter vun der Zukunft kënnen ze bezuelen."
D'Suen, déi de Bistum duerch de Verkaf vum Editiounshaus krut, géifen an Immobilië reinvestéiert ginn, seet de Weibëschof. Esou soll séchergestallt ginn, datt d'Paie vun de Paschtéier och no der Trennung vu Kierch a Staat weider garantéiert bleiwen. Et wier laangfristeg riskant fir op Saint-Paul als Haaptrevenu ze setzen.
Wéi vill Afloss verléiert d'Kierch?
De Leo Wagner ënnersträicht, datt de Generalvikar an de Chefredakter vum Wort net zesumme géifen entscheeden, wat an d'Zeitung komm ass a wat net. "Dat ass net esou." Schonn zanter laangem géif et e symbiotescht Verhältnis tëschent Bistum, Wort an CSV ginn. "Dat ass mengen ech och gutt esou", seet de Weibëschof.
"Mir hunn natierlech hei och e Partner fonnt, dee gesot huet, e wier ganz respektvoll vis-à-vis vun deene Valeuren an Contenuen, déi d'Lektorat vun der Zeitung do erwaarden. An dee Partner huet eis och Zousoen ginn, datt och weider d'Kierch, kathoulesch Theemen, awer och déi vun anere Konfessiounen, do och weider kënne Berücksichtegung fannen."
Dës Zousoe wieren am Deal mat abegraff, preziséiert de Leo Wagener. Datt de Lien tëschent dem Wort an der Kierch a leschter Zäit ofgeholl huet, wier awer "keng Haaptmotivatioun" an och "keng Haaptiwwerleeung" gewiescht fir d'Editiounshaus ze verkafen.
"Déi Iwwerleeungen berouen ganz staark op dem Entwécklungspotenzial, dat de Grupp Saint-Paul brauch - och fir seng Beleegschaft. Datt déi kann ofgeséchert sinn, datt d'Produite kënnen ofgeséchert sinn. An op der anerer Säit op der laangfristeger Finanzstrategië vum Bistum."
Wéi eng Personalpolitik fir d'Zukunft?
De Leo Wagener gëtt zou, datt hien net wéisst, wéi d'Personalpolitik vun den neie Proprietäre laangfristeg géif ausgesinn. Et wier ee "Bestriewe" gewiescht, fir e staarke Partner ze fannen, dat hätt d'Redaktioun och esou gewollt.
Et wier een och bewosst net op den däitsche Marché kucke gaangen aus der Angscht, datt vill Plazen an der Redaktioun géifen ofgebaut ginn, well d'Wort eng däitschsproocheg Zeitung ass. "Do hu mir also schonn opgepasst", seet de Weibëschof. "Mee wéi natierlech elo d'Politik am Eenzele vun deem neie Proprietär ausgesäit, dat kann ech Iech net viraussoen."
Den LCGB hat kritiséiert, et géifen sech nom Verkaf vu Saint-Paul nach vill Froe stellen. Sou wier zum Beispill net kloer, ob den neie Proprietär an de Beräicher vun IT, Marketing an an der Dréckerei alleguerten d'Aarbechtsplaze laangfristeg wéilt bäibehale ginn.
Lafayette, déi de Patrimoine vum Bistum geréiert, wëllt keng héich Engagementer.