Geplangte Steewollfabrick "Mir hu gekuckt, datt mer Knauf heimat konnte verhënneren. Jo."

D'Gemeng Suessem huet de leschte Freideg eng Decisioun geholl, déi eng Implantatioun vun der Steewollfabrick an der Industriezon Gadderscheier méi schwiereg, vläicht souguer onméiglech mécht. Iwwer de PAG, deen de Gemengerot an engem éischte Vott gutt geheescht huet an deen elo an d'Prozedur geet, ass d'Notze vum Terrain, un deem Knauf interesséiert ass, nämlech u Konditioune gebonne ginn, déi den aktuelle Projet net erfëllt.

Maurice Molitor / cz

Suessemer Gemeng
Suessemer Gemeng

Den Terrain, ëm deen et geet, ass elo eng Zone de servitude urbanisation industrie innovatrice. Konkret heescht dat, datt wien och ëmmer dohinner kënnt (oder komme wëllt), gewëss Garantië muss ginn, wat d'Liewens- an d'Loftqualitéit oder och den Naturschutz ubelaangt.

"Alleguer déi Entreprisë ronderëm musse sech där Reglementatioun ënnerwerfen", erkläert de Suessemer LSAP-Buergermeeschter Georges Engel.

Net nëmmen eng Entreprise eleng, mee de Cumul vun den Entreprisen, misst gekuckt ginn. "Ech mengen, datt dat en neit Element an dësem Dossier ass, an datt dat et effektiv méi schwéier mécht, datt Knauf elo kann dohinner kommen", seet de Georges Engel.

Entscheedung wuel fréistens an engem Joer

Ob déi Servitude juristesch d'Strooss hält, ob se nach am definitive PAG wäert stoen, deen dem Inneminister wuel fréistens an engem Joer no engem zweete Vott am Gemengerot zur Approbatioun virgeluecht gëtt, muss sech weisen. Mee bis dohi leeft d'Zäit, an et ka kee Projet realiséiert ginn, deen net konform mat deenen zwee PAGen ass; weder een, deen haut en Vigueur ass, nach een, deen elo an d'Prozedur geet. "Dat spillt eis an d'Kaarten", gëtt de Georges Engel gär zou.

Et wier een net generell géint Industrie op deem bestëmmten Terrain. Wann den Impakt, deen déi Industrie hätt, d'Liewens- an d'Loftqualitéit net grave géif verschlëmmeren, da wier een och domat averstanen, fir op dësem bestëmmten Terrain weider Industrie unezesiddelen. "Mee eben net d'Firma Knauf, sou wéi se elo geplangt ass."

Zil: Firma Knauf verhënneren

D'Demarche, déi elo gewielt gouf, wier déi logesch Suite vun engem Vott, deen de Suessemer Gemengerot virun e puer Méint geholl hätt, an deem e sech formell géint de Projet Steewollfabrick opposéiert hat.

Et géif ee probéiere konsequent ze sinn. D'Demarche, déi gewielt gouf, géif effektiv dorop ofzilen d'Firma Knauf zu Suessem ze verhënneren. De Prinzip vun der kommunaler Autonomie, géif et der Suessemer Gemeng erlaben, eng Servitude op e Staatsterrain ze leeën, erkläert de Georges Engel. An déi kéint fréistens ausser Kraaft gesat ginn, wann déi nei sektoriell Pläng bis do sinn.


Bäitrag vum Maurice Molitor am Panorama vun 12 Auer:

Lauschteren


Iddi vun déi Gréng lancéiert

Déi Gréng vu Suessem haten d'Iddi lancéiert, fir am Kader vum PAG eng " zone de servitude - urbanisation "qualité de l'air" " op d'national Aktivitéitszone " Parc Industriel Pafewee Ilôt Est / Gadderscheier " dropzeleeën, fir op deem Wee ze verhënneren, datt Betriber sech an där Zon néierloossen, déi der Loft- a Liewensqualitéit an der Gesondheet schueden. Eng deementspriechend Ufro hätten si den 28. Mäerz un de Suessemer Schäfferot gemaach.

Dat war d'Reaktioun vun deene Grénge vu Suessem, nodeems mir de Mëtteg gemellt haten, datt d'Gemeng Suessem de leschte Freideg eng Décisioun geholl huet, déi eng Implantatioun vun der Steewollfabrik an der Industriezon Gadderscheier méi schwiereg a vläicht souguer onméiglech mécht.

Elo zesumme mat Wirtschaftsministère no Léisung sichen

Déi gréng Suessem begréissen an hirer Reaktioun, datt hir Iddi beim Schäfferot Uklang fonnt hätt. Si betounen awer, datt si net generell géint nei Industriebetriber an hirer Gemeng wieren, mee just Betriber, déi nohalteg, ëmweltfrëndlech an innovativ produzéieren. Dofir hätte si och dem Schäfferot proposéiert, fir mam Wirtschaftsminister an den Dialog ze trieden, fir zesumme mat him an den Acteuren aus Industrie a Fuerschung no Léisungen a no Alternativen ze sichen.

Méi zum Thema

Koustall
Steewollfabrick

Der Landwirtschaft wier et schwéier ze vermëttelen, wéinst Knauf zousätzlech Efforte mussen ze maachen, fir manner Ammoniak auszestoussen. Den Agrarsecteur stéisst momentan am meeschten Ammoniak aus.

Steewoll
Impakt op d'Ëmwelt

Et muss gepréift ginn, wéi een Impakt déi geplangte Steewollfabrick zu Suessem op d'Ëmwelt huet. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir. Eréischt duerno géif eng Decisioun geholl ginn.

Roberto Traversini
Geplangte Steelwollfabrick zu Suessem

Wann déi geplangte Steewollfabrick zu Suessem d'Konditiounen erfëllt, da misst hien d'Baugeneemegung ënnerschreiwen, seet de Roberto Traversini. Hie misst awer och no der Gesondheet vun de Bierger kucken.

Steewoll
Industrie

D'Firma Knauf gëtt d'Iddi vun enger Steewollfabréck zu Lëtzebuerg net op. Trotz Kritike vu Politiker an Ëmweltschützer. De Grupp huet eng Lëtzebuerger Sàrl gegrënnt, déi de Projet virundreiwe soll.

Georges Engel a Roberto Traversini
Keng Steewoll a keng weider Deponien

D'Gemenge Suessem an Déifferdeng fuerderen d'Regierung op, keng Steewollfabrik a keng Deponien op hirem Territoire ze genehmegen. D'Projete wieren net ëmweltfrëndlech an net am Interêt vun der Populatioun.

Etienne Schneider
Invité vum Dag

Den Etienne Schneider trëtt bei de Chamberwahlen un, fir Premier ze ginn. Divergenzen tëscht de Koalitiounspartner fënnt hien net problematesch. D'Parteie wieren net fusionéiert beim Koalitiounsaccord.

Jughurt Fabrick
Wirtschaft

Enn 2018 soll d'Jughurtsfabrik Fage op Lëtzebuerg kommen. En Deel vun der Regierung an d'Gemenge si skeptesch. Passt d'Firma an déi effizient Strategie, déi d'Regierung sech selwer wëllt ginn?

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen