Brexit "Mir hoffen nees eng Kéier EU Member ze ginn"

Haut, Freideg um Mëtternuecht eiser Zäit, verléisst Groussbritannien d'EU. D'Brexit Supporteren an hiren de-facto Leader Nigel Farage hu fir deen historesche Brexit Day den Owend eng grouss Party beim Parlament zu London organiséiert. Do virdrun haten déi pro-europäesch Remainers sech och nach emol zu Westminster versammelt - fir eng Zort Gedenkzeremonie, un déi brittesch EU Memberschaft, déi no bal 50 Joer elo mol eriwwer ass.

Pierre Reyland / cz

Traurege Remainer

De Bäitrag vum Pierre Reyland


Den Owend ass et esou wäit: Um Mëtternuecht eiser Zäit verléisst Groussbritannien d'EU. D'Brexit Supporteren an hiren de-facto Leader Nigel Farage hu fir deen historesche Brexit Day den Owend eng grouss Party beim Parlament zu London organiséiert. Do virdrun haten déi pro-europäesch Remainers sech och nach emol zu Westminster versammelt fir eng Zort Gedenkzeremonie un déi brittesch EU Memberschaft, déi no bal 50 Joer elo mol eriwwer ass.

Si wénke mat groussen europäesche Fändele virum Parlament a sangen d'Europahymn.

Vläicht sange si eng leschte Kéier, well den Owend, wann de Brexit vu Farage a Co hei op der Wiss virum Parliament Square gefeiert gëtt, wäerten net vill Remainers dobäi sinn. Ee Grond ass, datt der vill vun hinnen Doudesmenacë kritt hunn, a si wéilten den Owend keng Gewalt provozéieren. "A souwisou," seet eng Fra, "et brécht eis einfach d'Häerz".

Nieft mir steet eng eeler Damm - "ech sinn 83 Joer al", seet si, al genuch fir ze wëssen, datt d'EU de Britte vill Gutts bruecht hätt.

D'Remainers sinn traureg, mee net resignéiert - an de Kampf fir Europa wëlle si net opginn.

Si géif dat vläicht net méi mat erliewen, seet nach déi 83 Joer al Far, mee Näischt wär fir ëmmer - och de Brexit net, an dat géifen déi aner fréier oder spéider och erausfannen.

Méi zum Thema

Nicola Sturgeon Analys
Chronik

Den 31. Januar um 11 Auer owes Lokalzäit verléisst Groussbritannien d'EU. Et ass keen Zoufall, datt déi schottesch Regierung um Dag vum Brexit hir Pläng fir en zweeten Onofhängegkeetsreferendum ukënnege wëllt.

D'Leaderin vun der SNP, Nicola Sturgeon Analys
Chronik

Bei de brittesche Parlamentswale gouf et zou Majoritéiten: déi vun de Konservativen an déi grouss Victoire vun der Schottescher National Partei. Eng Analys vum Martin Schauss vu Glasgow.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen