National Ethikkommissioun "Mir hätten do eppes kënne bäidroen"

Déi national Ethikkommissioun bedauert, datt si net vun der Regierung beoptraagt gouf, en Avis iwwer d'Legaliséierung vum Cannabis auszeschaffen. Da sot d'Presidentin vun deem Gremium, d'Julie-Suzanne Bausch.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Julie-Suzanne Bausch
D'Julie-Suzanne Bausch ass fréier Philosophieprofessorin a Presidentin vun der Nationaler Ethikkommissioun

D'Julie-Suzanne Bausch wier iwwerzeegt, datt hir Kommissioun dank den ënnerschiddlechen Expertisë vun hire Memberen eppes zu där Diskussioun bäizedroen hätt. An der Ethikkommissioun géife Leit schaffen, déi sech wierklech mat der Thematik beschäftegen, also mat der Psychologie, Psychiatrie a Suchtproblematik.

Konsens fannen

Déi national Ethikkommissioun ass en diskret Gremium, dat d'Regierung a bio-ethesche Froe beréit. Hir 15 Memberen hunn ënnerschiddlechst Profiller. D'CNE wier e Modèle reduit vun der Gesellschaft a géif no um Terrain schaffen, an doduerch dacks mat deenen Thematiken a Kontakt kommen.

Et géif ee probéieren e Konsens tëschent deene 15 Leit ze fannen. "A Konsens wëllt net heeschen: mir sangen all de selwechten Toun deen nämmlechte Moment." Konsens heescht der Julie-Suzanne Bausch no, datt ee kann deen Effort vun Toleranz, vu Pluralismus unifiéieren. Et wier heiansdo eng "Quadratur des Kreises", ma et géif net drëm goen eng "lau" Positioun auszeschaffen.

Kënschtlech Intelligenz

Artificiell, also kënschtlech Intelligenz (kuerz KI), an déi ethesch Aspekter, déi domat zesummenhänken, ass en Theema, dat am Moment weltwäit diskutéiert gëtt. Wat bréngt et, dee Sujet och nach duerch e Lëtzebuerger Brëll ze kucken? Déi national Ethikkommissioun schafft grad un engem Avis zu deem Theema.

"Et seet een ëmmer: "Plus on est de fous, plus on rit." Wat méi Leit sech där Saach do unhuelen, wat besser. Wat an eiser Kommissioun interessant ass, dat ass, datt mir wierklech quasi vun all Eck vun der Societéit, déi touchéiert gëtt vun deem Phenomeen vum Developpement vun der KI, hu mir Vertrieder. An et gëtt wéineg Ethikkommissiounen, déi esou pluralistesch oder esou breet opgestallt si mat de Perspektiven op e Sujet wéi eis."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Gouvernement.JPG
Chamberwahlen 2018

D'Regierungsmembere hu sech, deontologesch gesinn, wéi Musterschüler verhalen: zu dëser Aschätzung kënnt den Ethik-Comité. D'Regele sinn zanter 2014 a Kraaft a si regelen den Ëmgang mat potentiellen Interessekonflikter.

Anne Brasseur
Anne Brasseur

D'DP-Politikerin zitt sech no 42 Joer aus der Politik zréck. Si huet sech staark am Europarot engagéiert a kuckt mat vill Suerg op d'Tierkei. Et kéint een d'Land awer net einfach aus dem Europarot geheien.

CID Femmes publicité sexiste.JPG Analys
Sexismus

Ass d’Gesellschaft konditionéiert fir dat sexualiséiert Fraebild an der Publicitéit net méi als schlëmm z'empfannen? Analys vun de Reaktiounen op eng Plainte vum CID - Femmes”.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen