ProVelo "Mir fuerderen de "réflexe vélo" bei jidderengem"

Um Samschdeg Mëtteg hunn an der Stad Cycliste fir ee méi séchere Vëlosreseau iwwerall am Land manifestéiert. Der Police no ware 500-600 Vëloe bei der Maniff dobäi. Nodeems et Ugangs der Woch Tensiounen tëscht den Organisateuren an dem Stater Schäfferot gouf ronderëm d'Ofhale vun der Maniff an hiren Tracé, sinn d'Manifestanten de Mëtteg elo op deem Wee um Wee gefuer, dee vun der Police encadréiert gouf.

Christiane Kleer / tt / jg

Vëlosmaniff ProVelo

Op der Streck sinn op Plazen, déi den Organisateuren no besonnesch geféierlech fir d'Vëlosfuerer sinn, Schëlter mat Fuerderungen opgehaange ginn. D'Monique Goldschmit, Presidentin vun der Associatioun "ProVelo", wënscht sech ee ee méi héije Stellewäert a méi Opmierksamkeet fir de Vëlo am ëffentleche Raum:

"Et geet ëm eng nei Opdeelung vum Raum, et geet drëms, datt de Vëlosfuerer seng Plaz fënnt. Et kann net sinn datt eng Stad wou 50 Joer alles fir de motoriséierte Verkéier gemaach gouf, nach ëmmer déi selwecht Politik gemaach gëtt. Dofir gëtt et hei an der Stad, zu Esch, zu Dikrech, zu Ettelbréck, zu Wolz, egal, iwwerall och an eise klenge Gemengen, héich Zäit datt de Vëlo eescht geholl gëtt. Fir datt mir ëmmer an iwwerall sécher mam Vëlo kënnen hifueren. Mir fuerderen de "réflexe vélo" bei jidderengem, an net nëmmen datt ëmmer erëm de Sécherheetsproblem op de Vëlosfuerer ofgedréckt gëtt."

Den Tracé goung vun der Cité judiciaire iwwer de Boulevard de la Pétrusse op d'avenue Marie Thérèse an dann op de Lampertsbierg an zeréck bei de Pescatore. Leit, déi matgefuer sinn, hunn hir Motivatioun op ënnerschiddlech Aart a Weis ausgedréckt. "De Vëlo ass mäin Auto ginn", awer och vill Kritik iwwer déi existéierend Infrastruktur zu Lëtzebuerg.

Lauschtert d'Reaktioune vun de Cyclisten

Organiséiert gouf d'Maniff ënner anerem vun enger Rei Vëlosassociatiounen, der Sécurité routière an der europäescher Federatioun vun den Affer aus dem Stroosseverkéier.

Méi zum Thema

Velokal 1.jpg
Gesellschaft

D'ASBL ProVelo begréisst, datt d'Stad Lëtzebuerg eng Vëlosmanifestatioun e Samschdeg awer autoriséiert. D'Stad hätt awer nëmmen noginn, well ProVelo eng Plainte beim Verwaltungsgeriicht wollt areechen, sou d'Presidentin vu ProVelo.

Monique Goldschmidt
Demonstratioun

D'Diskussiounen ëm e Verbuet vun der ProVelo Demonstratioun nächste Samschden an der Stad sinn nach net ofgeschloss. De Mëtteg soll am Stater Schäfferot nach eemol doriwwer berode ginn.

Monique Goldschmidt
Infrastrukturen am ëffentleche Beräich

D'ASBL "ProVelo" kritiséiert, datt den Dialog mat der Stad Lëtzebuerg fir Vëlosinfrastrukturen net zefriddestellend wier. D'Stad stoung ënner der Woch och wéinst enger Etüd iwwer Foussgängersécherheet an der Kritik.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen