Ersatzgehalt fir Independanten Patronat: "Mir finanzéieren eis net zwee mol"

D'Patronat reagéiert verwonnert op d'Annonce vum Dan Kersch iwwer d'Ersatzgehalt fir Independanten. Dat soll vu Mäerz un iwwer eng Mutualitéit, an net iwwer de Chômage partiel finanzéiert ginn.

Maxi Pesch / tt

Patronatsvertrieder

D'Patronat ass eegenen Aussoen no erstaunt datt den Aarbechtsminister ouni hiren Accord a kuerz virun enger gemeinsamer Reunioun sou eng Mesure op RTL annoncéiert.

Fir d'Patronat wier et kloer, datt d'Ersatzgehalt soll vum Fonds pour l'emploi finanzéiert ginn an net vun enger neier Mutualitéit an där d'Käschten tëschent dem Staat an de Betriber opgedeelt ginn, esou de Michel Reckinger, President vun der UEL. Souwuel den Independant wéi de Salarié géifen an de Fonds de l'emploi abezuelen. Et wier also gerecht, Entschiedegunge fir déi zwee aus dësem Fonds ze bezéien.

D'Alexa Ballmann, Presidentin vun der Associatioun "Jonkt Handwierk" weist sech erstaunt iwwer des Mesure an der Press ze liesen. D'Patronat hat fir den 23. Februar eng Reunioun mam Dan Kersch a mam Mëttelstandsminister Lex Delles geplangt, wou et eigentlech ëm d'Modalitéite vum Ersatzgeld sollt goen.

D'Politik géif sech schwéier mam Sujet doen, seet och de Generaldirekter vun der Chambre des Métiers, Tom Wirion. Hie fuerdert eng dauerhaft Léisung, déi ee kann a Krisenzäiten asetzen.

De Michel Reckinger werft dem Dan Kersch fir, vum eigentlechen Theema, der Gerechtegkeet vum Independant virum Fonds de l'emploi, ofzelenken. Den Aarbechtsminister wéilt elo eppes iwwer de Knéi brieche fir kënnen ze soen, en hätt eppes gemaach.

Méi zum Thema

Nicolas Buck
Positiounswiessel

De President vun der UEL zitt Bilan op sengem leschten Dag: den Decalage tëschent der Politik an der Wirtschaft gëtt ee Problem. Och bei der Fonction publique géif ee sech selwer ëm kompetent Beamte bréngen.

Nicolas Buck
Wirtschaft

De President vun der Union des Entreprises fuerdert weider net remboursabel Direkthëllefe fir d'Betriber. Besonnesch d'Handwierk, de Commerce, d'Restauratioun an den Tourismussecteur bräichten elo nei Hëllefen, esou den Nicolas Buck.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen