Sport "Mir brauchen déi deeglech Sportsstonn an der Grondschoul"

De Comité Olympique verlaangt ee Prozent vum Staatsbudget an de Sport ze stiechen. Et géif net drëm goen, just Sue fir den Héichleeschtungssport erauszeschloen. Méi finanziell Moyene wiere virun allem wichteg, fir de Stellewäert vu Sport a Beweegung an der Gesellschaft ze fërderen, seet de Raymond Conzemius, den neien Directeur technique vum COSL.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Raymond Conzemius
De Raymond Conzemius schafft zanter November beim COSL a soll a 16 Méint

Et missten - genee wéi am Lycée - och am Fondamental Sportsenseignantë ginn, fuerdert de Raymond Conzemius.

"Jo, an déi musse spezifesch ausgebilt sinn. Dat si spezialiséiert Leit, keng Generalisten. Mer mussen do einfach ëmdenken. A wa mer wëllen eng aner Gesellschaft kréien, wou Motorik, Beweegung, Gesondheet eis alleguer wichteg ass - an dat misste mer jo elo definitiv gecheckt hunn -, da musse mer do investéieren. All Kand ass an der Schoul. D'Schoul ass d'Plaz, wou mer all eenzele Bierger vun der Gesellschaft kënnen erreechen."

D'Sportswelt dréit lues

De fréieren Direkter vum Sportlycée schafft zanter November beim COSL a soll a 15 Méint d'Nofolleg vum Heinz Thews als Directeur technique adjoint iwwerhuelen. Datt hie säin neien Job an engem Moment ugefaangen huet, an deem d'Sportswelt wéinst der Corona-Pandemie nëmme ganz lues dréit, empfënnt de Raymond Conzemius net onbedéngt als en Nodeel, mee et wier en "interessanten a gudde Moment", well et wier vill Zäit fir nozedenken an ze entwéckelen.

Duerch déi speziell Corona-Situatioun géif een an Diskussioune kommen, an déi ee soss vläicht net komm wier, well alles am gewinnte Rhythmus weidergelaf wier. "Esou datt ech einfach elo soen: dee Moment ass gutt, dat passt."

Tokyo 2021: COSL ass optimistesch

De Comité Olympique geet dovun aus, datt d'Spiller vun Tokyo den nächste Summer kënne stattfannen. D'Organisatioun vun de Spiller selwer wier manner problematesch wéi déi vun de Competitiounen am Virfeld, bei deenen d'Athlete sech qualifizéieren a virbereede kënnen. "Dat ass, mengen ech, ee groussen Challenge:"

Fir d'Olympesch Spiller am Juli an August kéint een eng Situatioun schafen, wou eppes stattfanne kann, "mee d'Wettkämpf, d'Competitiounen a Qualifikatiounstournoien, dat ass natierlech dat grousst Fragezeichen". Et géif awer och nach vun den Organisateuren zu Tokyo ofhänken, esou de Raymond Conzemius.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Fautsch
Am Gespréich

D'Lis Fautsch ass zanter Jore Fechterin op engem professionelle Niveau a konnt an der Zäit och eng Rei Erfolleger feieren, wéi déi siwent Plaz lescht Joer op der Weltmeeschterschaft.

André Hoffmann
Coronavirus

Och am Sport dierfte vu muer un nei Restriktioune gëllen. Et géif iwwer d'Zil eraus geschoss ginn, seet de President André Hoffmann. Hien hätt sech méi eng differenzéiert Approche gewënscht.

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen