Sprooch "D'Lëtzebuergescht muss an der Gesellschaft verankert ginn"

D'Schoul géif déi wichtegst Roll spillen, fir d'Sprooch an der Gesellschaft ze verankeren, sot de Peter Gilles un der Uni.lu an der Diskussioun mam Michel Weimerskirch vum Projet Spellchecker.lu. Hien ass sengersäits der Meenung, dass d'Regierung mat hirer Promotiounsstrategie fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze séier gehandelt hätt.

Maxi Pesch / pre

Gilles_Weimerskirch.jpg
Peter Gilles a Michel Weimerskirch

De Peter Gilles präziséiert: "D'Fërdere vum Lëtzebuergeschen an der Schoul muss net bedeiten, datt Lëtzebuergesch ee komplett Sproochefach gëtt, wéi Däitsch oder Franséisch". Et sollt awer iwwert d'Ubidde vun Optiounscoursen am Secondaire erausgoen". Mat der Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch wëll d'Regierung, eegenen Aussoen no, hiert Engagement fir d'Sprooch nach eemol verstäerken. An engem 20-Jores-Plang si 40 eenzel Mesurë virgesinn, déi d'Lëtzebuergescht an Zukunft solle fërderen.

Keen Austausch mat de Leit um Terrain

De Michel Weimerskirch, Grënner vum Projet Spellchecker.lu, ass der Meenung, datt d'Regierung ze séier gehandelt hätt. "De Plang kënnt oniwwerluecht eriwwer. Den éischte Punkt vum Strategiedokument schwätzt dovun, datt eng Strategie muss ausgeschafft ginn". Et kéint een net vun enger Strategie schwätzen, wann een nach net mat de Leit um Terrain geschwat hätt.

De Michel Weimerskirsch huet viru gutt eelef Joer de Projet Spellchecker.lu an d'Liewe geruff. Ronn 2.900 Leit benotzen den online Verbesserer all Dag. Eng Kooperatioun mam Ministère wier bis ewell awer net méiglech gewiescht, esou den Informatiker. "Ech hätt gären Accès op d'Datebank vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, dem LOD, fir mäin Outil zu verbesseren". Den Accès op d'Datebank géif hien awer eréischt kréien, wann den Dictionnaire fäerdeg wier.

Open-Data-Léisung

Wéini de Lëtzebuerg Online Dictionnaire fäerdeg gëtt, konnt och de Peter Gilles net beäntwerten. Virgesi war 2014. De Member vum "Conseil permanent de la langue luxembourgeoise", deen ënnert anerem och d'Ausschaffe vum LOD soll koordinéieren, ass fir eng Open-Data-Léisung. "'t ass wichteg, datt déi Donnéeën, déi et am Lëtzebuergesche gëtt, ëffentlech disponibel sinn". Deemno kéinten och aner Interesséierter, wéi zum Beispill de "Spellchecker", domadder schaffen. Dem Pabeier vun der Regierung no soll den Dictionnaire 2018 fäerdeg sinn, an och am Open Data accessibel sinn.

Kee konkreten Zäitplang

Déi verschidde Mesuren, déi d'Regierung, fir d'Sprooch ze fërdere presentéiert huet, sollen duerch eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent engem neien Zentrum fir d’Lëtzebuergescht an der Uni Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Konkret Projeten an e konkreten Zäitplang géif et fir déi Zesummenaarbecht awer nach net, esou de Sproochenexpert op der Uni.lu. Datt d'Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch awer positiv wier, doriwwer si sech de Peter Gilles an de Michel Weimerskirsch eens.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

guy-arendt-claude-meisch.jpg
Lëtzebuergesch

Net vill Neies a keng definéiert Objektiver. Esou gesäit d'Oppositioun d'Strategie vun der Regierung fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Den Educatiounsminister weist d'Kritik vu sech.

Sproochendebatt
Sproochendebatt

D'Petitionäre fir a géint d'Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch erklären hir Argumenter. Déi eng fuerderen eng Opwäertung vun hirer Mammesprooch. Déi aner wëllen d'Méisproochegkeet fleegen.

Nuria Garcia
Sproochepolitik

Iwwer d'Zil vun der Sproochepolitik gëtt net diskutéiert, seet d'Politologin Núria Garcia. Dat wier problematesch: Manner fir d'Kommunikatioun am Alldag, méi fir déi politesch Participatioun a fir d'Schoul.

Buchpräis
Lëtzebuerger Buchpräis

D'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016 sti fest. Bei der Remise stoung alles am Zeeche vun der Méisproochegkeet: Déi géif d'Lëtzebuerger Literatur ausmaachen, huet et méi wéi emol geheescht.

Méisproocheg Kanner
Multingualismus

Eng Klass vu 15 Kanner an där 14 verschidde Sprooche geschwat ginn, dat ass hautdesdaags zu Lëtzebuerg keng Seelenheet. Wéi solle Betreier oder d’Léierpersonal un déi Situatioun eru goen?

Claude Meisch
Sproochendebat

De Claude Meisch huet d’Iddi relancéiert, fir d’Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch op EU-Niveau unerkennen ze loossen. Donieft wëll hien d'Sprooch iwwer aner Weeër fërderen.

Fernand Fehlen
Lëtzebuerger Sprooch

D'Fuerderunge vun der Petitioun ëm d'Lëtzebuerger Sprooch wieren onrealistesch, fënnt de Fernand Fehlen. Fir d'Revendicatiounen ëmzesetze wier d'Sprooch net developpéiert genuch seet de Sproochesoziolog.

Maria Castrovinci
Crèchen

D’Regierung an de Secteur vun der Kannerbetreiung hätten de Wëllen, fir sech ze verbesseren, seet d’Maria Castrovinci, Presidentin vun der Federatioun vun de private Crèchen (FELSEA).

Kids wrapped in flags of USA and European nations, holding greeting signs in different languages, isolated on white
Educatioun

All Kand soll déi selwecht Chancen hunn an der Schoul an duerno um Aarbechtsmaart. Dowéinst wëll d’Regierung d’Méisprochegkeet schonn an de Crèchë fërderen. Wéi gutt gi Kanner domat eens?

Renée Wagener.jpg
Zäithistorikerin

D'Renée Wagener beliicht, wéi Gewerkschaften, Kultur an Zivilgesellschaft mat de ville Sproochen am Land ëmgaang sinn. Haut grad wéi fréier geet et der Villsproochegkeet gutt, sou de Constat.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen