EU-Mesurë geint Coronakris Merkel-Macron-Plang: Zéien déi aner mat?

Fir déi ekonomesch Kris opzefänke sollen elo op europäeschem Niveau Honnerte vu Milliarden Euro fléissen. Déi däitsch-franséisch Propos fir een Hëllefsplang gesäit Subside fir. Dogéint gëtt et elo schonn Oppositioun. Wat genee stécht hanner där Iddi a wéi eng Chancen huet se, vun deenen aneren Memberlänner ugeholl ze ginn? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Analys Danièle Weber
D'Danièle Weber ass 100,7-Korrespondentin zu Bréissel. Foto: Elke Weber (Archiv)

Wéinst der Corona-Kris blitt der europäescher Ekonomie déi gréisste Rezessioun zanter dem zweete Weltkrich. Dat huet d'EU-Kommissioun virun zwou Woche virausgesot. Fir d'Kris opzefänken, sollen elo op europäeschem Niveau Milliarden Euro fléissen. Wie ka vun deene Fongen profitéieren, a virun allem ënner wéi enge Konditiounen? Doriwwer gëtt zanter Wochen gestridden.

E Mëttwoch soll d'Kommissioun eng Propose fir ee Fonds de relance maachen. Dës Woch sinn Däitschland a Frankräich zesumme no vir geprescht, an hunn hire Plang vun engem 500 Milliarden-Euro Hëllefspak op den Dësch geluecht. Geet dat duer, fir d'EU aus der Kris ze bréngen? Wie kéint ënner wéi enge Konditiounen dovu profitéieren?


Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Lock Belgium - Zaventem Airport
Remboursementer fir Passagéier

Verschidde Fluchgesellschafte stelle fir annuléiert Flich Voucheren aus. Och Lëtzebuerg huet d'Remboursementer fir Pauschalreesen op Äis geluecht. D'EU-Kommissioun seet, dat géif géint EU-Recht verstoussen.

Eric Mamer, Margrethe Vestager, Thierry Breton
Coronakris

An der Summervakanz an dat europäescht Ausland reesen, dat soll méiglech sinn, seet déi Europäesch Kommissioun. Si huet den Dënschdeg de Memberlänner hiert Konzept iwwer Sécherheetsmesuren an der Tourismusbranche mat op de Wee ginn.

Programm

Praktesch Infoen

  • 3.6. Generatiounen

    3.6. Generatiounen

    Manner Kalorien, Orchester an Danzmusek mam René de Bernardi an "The Sound of Music"

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen