EU-Sommet Merkel-Macron ginn den Toun net méi un
Den EU-Sommet geet an de véierten Dag. Zanter e Freideg de Moie verhandelen d'Staats- a Regierungscheffen iwwer ee Finanzpak vun am Ganzen 1,8 Billiounen Euro. Wouru läit et, datt sech déi 27 net eens ginn? A wéi geet et haut virun? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Simon Larosche: De Sommet geet elo an de véierten Dag vun de Verhandlungen - et kéint domat dee längste Sommet an der Geschicht vun der EU ginn.
Danièle Weber: Absolut! Et gouf een am Dezember 2000 zu Nice, dee véier an een hallwen Dag gedauert huet. Mir sinn elo am véierte Verhandlungsdag, et ass also scho rekordverdächteg.
Gëschter Owend, zimmlech genee um Mëtternuecht, gouf d'Sitzung fir, wéi et du vum Spriecher vum Rotspresident Charles Michel geheescht huet, 45 Minutten ënnerbrach. Doraus gouf eng méi laang Pause vu sechs Stonnen. Hënt gouf dunn a klenge Gruppen diskutéiert.
De Moien kuerz viru sechs Auer koumen déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe ganz kuerz an der Plenière zesummen an e puer Minutten dono huet de Charles Michel d'Sitzung ganz bis am Nomëtteg um véier Auer ënnerbrach.
Et gëtt nach un een Accord gegleeft
Een Enn ass bis elo net esou richteg en vue. Wat jo allerdéngs och heescht, datt nach un een Accord gegleeft gëtt. Well soss hätt de Rotspresident Charles Michel d'Sitzung warscheinlech op ee spéideren Dag verdaagt. Woubäi een och soen muss, datt gëschter d'Fro opkoum: wat soll dat bréngen an e puer Wochen zesummenzekommen, well wat soll do anescht sinn, wéi elo?
Wou hänkt et dann den Ament, wat ass den Haaptproblem?
Et geet am Fong ëm zwou Saachen. Emol de pluriannuellen EU-Budget, dee vun 2021 gëlle soll. Deen huet ee Volume vun ronn enger Billioun Euro, et ass also dee gréisste Pak.
An da geet et ëm de Fonds de relance: dat ass ee Spezialpak, dee geduecht ass fir Mesuren ze finanzéieren, déi de Länner sollen hëllefen, aus der Kris ze kommen, déi duerch d'Pandemie ausgeléist gouf. Dee Pak huet am Prinzip 750 Milliarden Euro, sou huet et op alle Fall d'Europäesch Kommissioun proposéiert.
Den Haaptsträit ass deen, wéi vill dovun als Kreditter a wéi vill als Subside verdeelt solle ginn. D'Kommissioun hat ee Verhältnis vu 500 Milliarden Euro als Subsiden an 250 Milliarden Euro als Kreditter proposéiert.
Haaptsträit dréit ëm d'Héicht vun de Subsiden
Et sti sech zwou Positioune géintiwwer: Déi, déi am Fong guer keng oder sou mann wei méiglech Subside wëllen. Dat sinn haaptsächlech véier Länner: Éisträich, Dänemark, Schweden an Holland. Si ginn och "frugal" genannt - op Lëtzebuergesch kéint ee soen "knéckeg".
D'Länner aus dem Süden, déi d'Suen dringend brauchen, soen awer: Kreditter hëllefen net vill, si bräichte Suen, déi si Net zeréckbezuele mussen.
Virun allem den hollännesche Premier Mark Rutte ass hei als haarde Verhandeler opgetrueden. Op där anerer Säit stinn awer net nëmmen Italien oder Spuenien, mee och Däitschland a Frankräich, déi sech dofir staark maachen, datt de Montant vun de Subsiden net ze niddreg gëtt. Och de Premier Xavier Bettel sot, d'Subsiden dierften net op een Niveau schrumpfen, deen dono keen Impakt méi huet.
Et gëtt schonn zanter e Freideg verhandelt. Ass een da guer net virukomm, gëtt et keng Punkten, op deenen ee sech eens gouf?
Wann ee sech déi ganz Chronologie vun deem Sommet ukuckt, da kann ee soen, datt een effektiv net vill virukoum.
Um éischten Dag, e Freideg, goufen haaptsächlech bekannte Positiounen ausgetosch. Um zweeten Dag louch eng nei Propose fir ee Kompromëss vum Rotspresident Charles Michel um Dësch. Do huet et geschéngt, wéi wa Beweegung an d'Spill komm wier. De Charles Michel war virun allem deene véier "Knéckegen" entgéintkomm an hat de Montant vun de Subsiden erofgesat. Um drëtten Dag gëschter ass am Fong de ganzen Dag méi oder manner a bilateral Gespréicher a méi klenge Gruppen diskutéiert ginn, an der Haaptsaach eben iwwer dee Fonds de relance - och ouni Succès.
Et gesäit elo esou aus, wéi wa sech déi "knéckeg" am meeschte géifen duerchsetzen, an effektiv de Montant vun de Subsiden erofgesat gouf.
Verhandlungsstrategie bis elo kee Succès
Eent kann ee soen: Dat Ganzt ass kee grousse Succès fir d'Verhandlungs-Strategie vum Rotspresident Charles Michel. Hien hat vill Virgespréicher an de Woche virdrun. An awer hat een hei d'Gefill, si géife bal bei Null ufänken. De Charles Michel huet ganz fréi vill Zougeständnesser gemaach an hat dono vläicht net méi genuch am Tirang fir nozeleeën.
Den Duo Merkel-Macron hu jo d'Verhandlungen e bëssen an d'Hand geholl. Si hunn et awer net fäerdeg bruecht, d'Rudder erëm ze räissen. Et hat ee virun allem Hoffnungen an d'Kanzlerin Angela Merkel gesat. Däitschland huet zanter dësem Mount d'Presidence vun der EU iwwerholl, do hat een op hir laang Experienz gesat, mee dat huet bis elo net zum Succès gefeiert. An d'Europäesch Kommissioun schéngt iwwerdeems ganz absent ze sinn an deene Verhandlungen: vun där Säit geléngt et offensichtlech net, sech anzeschalten an zu engem Kompromëss bäizedroen.
Virun allem: Den Duo Merkel-Macron ka sech mat senge Positioune ganz offensichtlech net duerchsetzen. Et gouf jo dacks vum däitsch-franséische Moteur vun der EU geschwat. Do schéngt sech den Ament de Rapport de Force an der EU ze veränneren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.