Gesellschaft Mënschlech a rational aus der Kris

Am Fräie Mikro luet de Bob Reuter, President vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker, eis an, déi aktuell Covid-19-Kris ze notze fir Recul ze huelen. A fir doriwwer nozedenken, wat et bedeit, "Mënsch" ze sinn, a wéi mer mat Humanismus aus dëser Kris kënnen erausfannen.

Bob Reuter

Meenung Bob Reuter

Wandel ass schwiereg: mir musse léiere lasszeloosse vun Albekanntem. Mir ginn eis bewosst, datt et keen Zeréck méi gëtt an eng Normalitéit - déi et am Fong net gëtt an nach ni gouf. Krisesituatioune brénge schmäerzlech Verloschter an dramatesch Eenzelschicksaler mat sech, déi duerch de Confinement a spezifesche Fäll souguer nach verschäerft goufen. An awer: nieft allen negative Konsequenze bréngt esou eng Kris anerersäits och ongeaante Chancen, fir den Eenzele wéi och fir de Kollektiv.

Lo nach méi wéi soss sollte mer a Fro stellen, wat et aktuell bedeit, "Mënsch" ze sinn. Wat eis iwwerhaapt zu Mënsche mécht. Wéi mer als Mënsche wëlle mateneen ëmgoen a wat iwwerhaapt am Liewen zielt. Ouni Wäertung oder Bewäertung: eis kuerz drop zeréckbesënnen op dat, wat mer sinn. An op dat, wat ass.

Selwer aktiv ginn

Gesellschaftlech geschitt grad Änleches wéi an enger perséinlecher Liewenskris. Mir mussen eis mat den existéierende Problematike bewosst auserneesetzen, draus léieren, se iwwerwannen an dru wuessen. Well elo weist sech, wat eis undreift. Wie mir sinn a fir wat mir stinn. Et weist sech awer och, wat mer alles op eisem Wee zeréckgelooss hunn. Wat mer verluer hunn. An éischter Ligne wuel eis selwer. An domat scheinbar och eis Rationalitéit.

"Be the change you want to see in the world", sot de Gandhi.

Et geet net duer nëmme vun enger besserer Welt ze dreemen - et wäert kee kommen, deen d'Verännerunge fir eis an d'Weeër leet. Egal wéi ee Wee mer also aschloen: wat kënnt? Et weess een et - nach - net. Dofir ass d'léisungsorientéiert Denken an den Engagement vun all Eenzelem vun eis ëmsou méi gefrot: tatsächlech kënne mer haut scho beaflossen, wéi d'Wierklechkeet am Muer ausgesäit. An de Wandel ass net eréischt muer. En huet schonn ugefaangen, elo an dësem Moment.

D'Zäit notze fir gemeinsam Wäerter ze stäerken

Dofir ass et den idealen Zäitpunkt fir nei Iddien ze sammelen a sech vun Denkmusteren, Ängschten an Dogmen ze léisen, déi ausgedéngt hunn; elo kënne mer eis nei Fäegkeeten uneegnen a virun allem: léiere Vertrauen a sech a seng Capacitéiten ze hunn a responsabel ze sinn. Mer si gutt esou, wéi mer sinn. Mer mussen net ënnertenee konkurréieren, wa mer géigesäiteg openee vertrauen kënnen. Mer mussen net stänneg op eis Differenzen hiweisen, wa mer ergänzend matenee kollaboréieren an eis esou géigesäiteg valoriséiere kënnen.

Mer sollten déi Netzwierker, Solidaritéiten a Weeër, souwuel déi, déi et virun der Kris scho gi sinn, wéi och déi, déi grad wärend der Kris entstinn, notze fir eis gemeinsam Wäerter ze stäerken, déi eis als Mënschen ausmaachen. Ob déi Verännerungen, déi sech ufänken ofzezeechnen, laangfristeg fir d'Wuel vun der Allgemengheet kënnen ausgebaut ginn - dozou ka jiddweree säi Bäitrag leeschten. Mat aneren zesummen, fir anerer. Well zesumme komme mer méi wäit, an aus villen eenzele Puzzelstécker gëtt erëm e Ganzt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Bob Reuter
Lauschteren

Méi zum Thema

Samuel Hamen Meenung
Fräie Mikro

Wat soll d'Konscht am Kontext vun der Corona-Pandemie leeschten? Muss se séier a gratis sinn? An ass hir mam grousse Wuert vun der Systemrelevanz bäizekommen? Iwwerleeunge vum Samuel Hamen.

Judith Reicherzer Meenung
Fräie Mikro

De 4. Mee fänkt d'Schoul fir d'Primaner erëm un. D'Schoulflicht ass kee Lifestyle-Theema, fënnt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen