Jean Asselborn an Usbekistan Mënscherechter an Investitiounen
No senger Visite an Afghanistan war de Jean Asselborn dës Woch am Nopeschland Usbekistan. An der Haaptstad Taschkent huet de Lëtzebuerger Diplomatiechef den usbekeschen Ausseminister Abdulasis Komilow gesinn.
Nieft dem Friddensprozess fir Afghanistan hu béid Ministeren iwwer d'Mënscherechtssituatioun an Usbekistan geschwat. Am zentralasiatesche Land gëtt et zënter puer Joer e Reformprozess. Wann et weider Fortschrëtter bei de Mënscherechter ginn, da wier Usbekistan "keen oninteressant Land", seet de Jean Asselborn.
"Wann een e Land wëllt entwéckelen, da muss een de Mënsche Fräiheete ginn an de politeschen an ekonomesche System liberaliséieren", hat den usbekeschen Ausseminister Abdulasis Komilow rezent an engem Interview an der Süddeutsche Zeitung gesot.
Zu Taschkent huet de Jean Asselborn mam Ausseminister vun Usbekistan geschwat, deen him zouséchert hätt, datt et a sengem Land keng politesch Prisonéier méi géife ginn. Ronn 1.000 Leit wiere fräigelooss ginn.
Mënscherechter an Usbekistan: Um gudde Wee, mee weider Efforten néideg
Positiv wier och, datt et Verbesserunge beim Problem vun der Kanneraarbecht an der fréierer Sowjetrepublik Usbekistan géife ginn, esou de Jean Asselborn. D'Kanneraarbecht wier, wat de Kotteng ugeet, komplett eliminéiert.
Nach géifen et an Usbekistan awer Problemer mat de Mënscherechter ginn. Op verschiddene Punkte wier et nach "extrem schwéier", esou de Jean Asselborn zu Taschkent. D'Rechter vun der LGBTI-Communautéit a verschidden aner Mënscherechter misste weider gestäerkt ginn.
![]()
Verbesserungen op dëse Punkte wieren awer net onméiglech. Wann et weider Fortschrëtter bei de Mënscherechter ginn, da wier Usbekistan "keen oninteressant Land", betount de Jean Asselborn.
Usbekistan wëllt auslännescht Kapital unzéien
Usbekistan sicht no auslänneschen Investisseuren. Duerch eng besser Mënscherechtssitutioun soll och e bessert Investitounsklima geschafe ginn.
Déi Lëtzebuerger Chambre de Commerce huet fir 2020 eng Missioun an Usbekistan geplangt, huet de Lëtzebuerger Ausseminister ugekënnegt. Schonn dës Woch hu Lëtzebuerg an Usbekistan ofgemaach, een Accord fir d'Landerechter vun der Cargolux wëllen ofzeschléissen.
Zu Taschkent war och e Seminaire vun der Europäescher Bank fir Erëmopbau an Entwécklung BERD mat enger Rei Staaten aus der Regioun: e Seminaire, dee vu Lëtzebuerg finanzéiert gouf. Explikatioune vum Conseiller op der Lëtzebuerger Ambassade zu London, Christophe Zeeb:
"Lëtzebuerg finanzéiert dat duerch de Finanzministère, fir datt d'Autoritéiten an deene sechs Länner zesummekommen, fir eng besser Kooperatioun am Kampf géint Geldwäsch an Terrorismusbekämpfung opzebauen. Op internationalem Niveau ginn et vill Neiegkeeten a fir Lëtzebuerg ass et wichteg bei eventuellen Differenze kënnen ze hëllefen, sief et finanziell oder duerch technesch Kooperatioun."
Zentraalt Thema fir d'Regioun: Fridden
Een Donneschdeg war de Jean Asselborn fir politesch Gespréicher a Pakistan. Zu Islamabad, der drëtter a leschter Statioun vum Ausseminister senger Rees dës Woch a Süd- an Zentralasien, dierften déi rezent Tensioune ronderëm d'Kaschmir-Regioun an de Friddensprozess fir Afghanistan eent vun den Haapttheme sinn.
Iwwer Afghanistan hat de Jean Asselborn och e Mëttwoch zu Taschkent an Usbekistan mam Ausseminister vum zentral-asiatesche Land Abdulasis Komilow geschwat.
Hie seet dat selwecht, wéi de President vun Afghanistan, datt dat Wuert "Fridden" an de leschte Méint an der Populatioun ëmmer eng méi staark Bedeitung kritt hätt, sou de Jean Asselborn.