EU-Sommet Méiglecherweis méi restriktiv Mesurë wéinst Varianten

D'EU-Staats- a Regierungscheffen si besuergt en vue vun enger Ausbreedung vun den neien Variante vum Coronavirus bannent der Unioun. Restriktiv Mesurë kéinten dowéinst verschäerft ginn, sot gëschter Owend de Rotspresident Charles Michel no enger Videokonferenz.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Rotspresident Charles Michel
De Rotspresident Charles Michel bei der Videokonferenz vun den EU-Staats- a Regierungscheffe gëschter. Foto: EU / Dario Pignatelli

Lauschteren


Eng fënnef Stonne laang hu sech gëschter Owend d'EU-Staats- a Regierungscheffen op enger Videokonferenz iwwer d'Situatioun en vue vun der Corona-Pandemie ausgetosch. D'Bannegrenze missten opbleiwe fir de Fonctionnement vum EU-Bannemarché ze garantéieren, esou de Michel. Allerdéngs kéinten net-essentiell Reesen deels ageschränkt ginn.

Mesurë mussen ofgestëmmt sinn

D'Europäesch Kommissioun géif beim Astufe vun den Infektiounszonen eng nei Kategorie aféieren, sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. Regioune mat besonnesch héijen Infektiounstauxe géifen als donkel rout agestuuft an heifir géifen da schonn déi nächst Woch geziilt Mesurë proposéiert ginn.

Generell missten d'Mesuren openeen ofgestëmmt ginn - zum Beispill tëschent Nopeschregiounen. Wann een op där enger Säit ee strenge Lockdown huet, an op där anerer d'Geschäfter op sinn, da suergt een dofir, datt de Virus sech méi staark verbreet, esou d'Kommissiounscheffin.

Sequenzéierung vum Virus

Et misst och nach méi getest ginn a méi Analysen iwwer d'Sequenze vum Virus gemaach ginn, fir méi iwwer d'Verbreede vun deenen neie Variante gewuer ze ginn, esou och nach d'Ursula von der Leyen.

Zil ass et, dat bei op d'mannst fënnef Prozent vun de positiven Tester ze maachen. Am Ablack leien déi allermeescht Memberstaaten do däitlech drënner. Just zwee vun hinne kommen op zéng Prozent - Lëtzebuerg gehéiert dem Premier Xavier Bettel no do dozou.

Iwwer ee méiglechen Impf-Certificat gouf och geschwat. Dozou gouf an der Haaptsaach festgestallt, datt nach ze vill Saachen onkloer sinn, fir Konsequenzen iwwer d'Rechter ze zéien, déi mat esou engem Certificat verbonne wieren.

Méi zum Thema

De Xavier Bettel um Bord vum EU-Sommet
EU-ÄNTWERT OP PANDEMIE

Vill EU-Länner maache sech Suerge wéinst där neier Variant vum Coronavirus a verlaange méi restriktiv Mesuren. Lëtzebuerg steet ënner Drock a mécht op seng spezifesch Situatioun an der Groussregioun opmierksam.

Genome Sequencing
Coronavirus

Wa sech d'brittesch Corona-Variant méi verbreet, da kéint et bannent den nächste Wochen zu enger staarker Hausse vun den Infektiounszuele kommen, esou Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen