Akerbauschoul Méiglecherweis en neien Numm fir de Lycée technique agricole
An der Akerbauschoul géifen et Iwwerleeunge ginn den Numm ze änneren, seet den Direkter Tom Delles. Den alen Numm géif de ville Formatiounen, déi ugebuede ginn, net méi Rechnung droen.
Den alen Numm wier 1979 agefouert ginn an deemools wier et och e renge Lycée agricole gewiescht. D'Beschreiwung als Lycée technique agricole géif awer mëttlerweil de ganz ënnerschiddlechen a villfältege Formatiounen, déi ugebuede ginn, net méi entspriechen, seet den Tom Delles.
![]()
Vill Leit géife mengen, datt ee misst Bauer ginn, wann een do an d'Schoul geet, "wat awer guer net de Fall ass". Vill Schüler géifen no der 5e d'Schoul och erëm wiesselen.
Numm soll de Formatioune gerecht ginn
An internen Diskussioune wier sech dofir schonn op den Numm Lycée technique des sciences naturelles et agronomiques (LTSNA) gëeenegt ginn.
![]()
Nodeems d'Schoul am Summer vun Ettelbréck op Gilsdref geplënnert ass, wëllt den Tom Delles en neien Ulaf huelen, fir dee Changement ëmzesetzen. D'Sciences naturelles wieren d'Basis vun de Formations professionnelles, wéi och vun der Section sciences naturelles, déi am Lycée ugebuede ginn. Den Deel "et agronomiques" wéilt ee bäibehalen, fir "eis Wuerzelen net ze verleegnen", esou den Direkter vun der Akerbauschoul.
D'Corona-Pandemie dominéiert
Iwwer de Summer ass de Lycée aus dem Ettelbrécker Gebai, an deem en zanter 1932 ënnerbruecht war, op Gilsdref geplënnert. Mat den neie Raimlechkeete sinn eng ganz Rei Problemer, déi d'Akerbauschoul hat, elo geléist.
Trotzdeem bleift d'Corona-Pandemie och um neie Site erhalen, seet den Direkter Tom Delles, deen hofft, datt de Virus "eis net esou vill Zäit ewech hëlt an alles beaflosst, wéi dat an deem leschten annerhallwe Joer de Fall war."
D'Akerbauschoul hätt sech - wéi all déi aner Schoulen och - dorop agestallt, datt een och d'nächst Schouljoer ënner anere Bedingunge misst funktionéieren. Am neie Gebai hätt een awer méi Plaz, souwuel vun der Gréisst vun de Säll, wéi och vun er Unzuel vun de Säll. Och de méi breede Gang géif d'Zirkulatioun vun de Schüler vereinfachen.