No den Iwwerschwemmungen Méiglech Verbesserunge bei Meteolux

De staatleche Wiederdéngscht Meteolux wëllt analyséieren, wéi eng Léieren aus dem leschten Héichwaasser kënne gezu ginn. Et gëtt gekuckt, wéi eng Verbesserungen ee kéint ëmsetzen, fir sou Evenementer méi genee virauszesoen an och d'Bevëlkerung besser ze warnen, sou de Luca Mathias vu Meteolux.

Christiane Kleer / cbi

Eng Wiederstatioun
Foto: Bigstock / PiedmontPhoto

Lauschteren


"Duerno ass een ëmmer méi schlau", seet de Meteorolog Luca Mathias. Hien huet déi ganz lescht Woch un de Previsioune matgeschafft a schwätzt och vun enger onklorer Wiederlag Ufanks der Woch.

A souguer den Dag virun der Katastroph huet ee bei Meteolux keng 100 prozenteg Sécherheet gesinn, sou de Meteorolog réckbléckend. D'Modeller hätten d'Quantitéit un Nidderschlag och nach Mëttwochs moies ënnerschat.

Eng onkloer Wiederlag

Eng rout Warnung - spréch "extrem Gefor" - hat Meteolux zu kengem Ament erausginn, eenzeg d'Waasserwirtschaftsamt hat eng rout Héichwaasserwarnung erausginn - Mëttwochs um hallwer sechs owes.

De Luca Mathias seet, d'Previsioune wieren net duergaange fir den offizielle Seuil fir eng rout Warnung - also 80 Liter Reen pro Meter Carré pro 24 Stonnen - ze erreechen. D'Probabilitéit wier esou kleng gewiescht, datt een decidéiert hätt, e Mëttwoch bei enger oranger Warnung ze bleiwen.

Méiglech Ännerunge bei de Seuilen

Ënner anerem d'Definitioune vun de Seuilen kéinten elo an der Suite vun dësen Iwwerschwemmungen iwwerschafft ginn, seet e Luca Mathias, dat am Kader vun engem méi grousse Bilan vu Meteolux, CGDIS a Waasserwirtschaftsamt. Hei kéint een da kucken, ob et eng Noutwendegkeet gëtt fir déi Seuilen ze veränneren, an och wéi ee se kéint veränneren. Aktuell wier een awer nach an der Analysphas, esou de Luca Mathias.

Eng Ännerung kéint och kommen a Saache Previsioune reng vu Meteloux: d'Modeller kéinten an Zukunft méi transparent analyséiert ginn. Primär kuckt Meteolux sech d'Previsioune vun de Modeller un, wéi se interpretéiert goufen a wéi d'Warnungen erausgaange sinn. Duerno kéint ee kucken, wat een hätt besser kënne maachen a wéi een d'Previsiounen anescht hätt kënnen interpretéieren.

Ausserdeem missten d'Meteorologen sech lo op eng nei Situatioun astellen: nämlech déi datt sou schrot Wieder am Summer opkënnt.

Méi zum Thema

Jeff da Costa
No den Iwwerschwemmungen

Et wier net fréi an net staark genuch virun der Héichwaassergefor gewarnt ginn, seet de Meteorolog a Klimatolog Jeff da Costa. D'Viraussoe wiere gutt genuch gewiescht, fir d'Populatioun besser ze warnen.

Iwwerschwemmung zu Iechternach
No den Iwwerschwemmungen

D'Héichwaasser vun der leschter Woch wier ee Joerhonnert-Evenement gewiescht, soen d'Carole Dieschbourg an d'Christine Bastian. D'Bevëlkerung wier awer gutt informéiert ginn an d'Dispositiounen hätte gegraff.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen