Impfungen Méiglech Impfung eréischt 2021

D'Impfunge géint de Coronavirus kéinten eventuell eréischt am éischten Trimester 2021 hei am Land ukommen. Dat schreift d'Gesondheetsministerin haut an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktioun.

Serge Kesseler / cbi

Impfung géint de Coronavirus
Foto: Bigstock / scaliger

D'Ministerin baséiert sech dobäi op aktuell Aussoe vun der EU-Kommissioun. Déi Lëtzebuerger Regierung géif keng Eegeninitiativ plangen iwwer d'Verhandlunge vun der EU-Kommissioun eraus Impfstoff ze kafen.

Bei der Decisioun, wéi eng Leit hei am Land prioritär solle geimpft ginn, soll der Entwécklung vun der Epidemie Rechnung gedroe ginn. International Recommandatiounen, wéi z.B. vun der Weltgesondheetsorganisatioun, sollen awer och mat afléissen.

Der WHO no gëlle vulnerabel Persounen a Leit aus de Gesondheets- a Fleegeberuffer als prioritär, esou d'Gesondheetsministerin.

Méi zum Thema

Corona-Impfstoff
Corona-Pandemie

An Däitschland gëtt déi national Impfstrategie ëmmer méi konkret. Gëschter gouf e Konzept presentéiert, wei eng Beruffs- an Populatiounsgruppe bei den Impfunge solle prioriséiert ginn.

D'Sich no engem Corona-Impfstoff geet weider. Foto: Bigstock / kasto
Corona-Pandemie

AstraZeneka huet d'Tester vu sengem Corona-Impfstoff gestoppt. D'Prozedur soll awer net an d'Längt gezu ginn. Et ass net sécher, ob den Impfstoff dëst Joer nach zu Lëtzebuerg disponibel ass, esou d'Santé.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen