arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alters- a Fleegeheemer: Méi wéi een Drëttel Covid-19-Fäll sinn asymptomatesch

Gesellschaft

|
reading time

2 min

Alters- a Fleegeheemer: Méi wéi een Drëttel Covid-19-Fäll sinn asymptomatesch

Och an den Alters- a Fleegeheemer hu vill Corona-Infizéierter guer keng Krankheetssymptomer. Dat seet d'Nathalie Hank, déi sech beim Heembedreiwer Servior ëm d'Kommunikatioun këmmert: Méi wéi een Drëttel vun den Infizéierten Awunner wieren ouni Symptomer - och bei enger Altersmoyenne vu 85 Joer.

reading time

2 min

Dat hätt ee bei flächendeckenden Tester erausfonnt, déi am Moment an den Haiser gemaach ginn. D'Nathalie Hanck weist och drop hin, datt d'Zuel vun den Doudesfäll an den Heemer wärend der Coronavirus-Pandemie net anormal an d'Luucht gaange wier. Vill Bewunner, déi u Covid-19 gestuerwe sinn, hätte scho schwéier Virerkrankunge gehat, esou dee gréissten Heembedreiwer Servior.

Zuel vun den Doudesfäll net anormal an d'Luucht gaangen

Déi aktuell Hausse u Coronavirus-Infektiounen an den Alters- a Fleegeheemer stellt souwuel d'Personal wéi och d'Awunner virun nei Erausfuerderungen. No der Experienz vun der éischter Well wier et elo fir d'Ekippe méi einfach d'Sécherheetsmesuren ze applizéieren a fir domat ëmzegoen, seet d'Nathalie Hanck, Wann e Fall detektéiert gëtt, da géif déi Persoun systematesch isoléiert ginn, seet d'Spriecherin vum Grupp Servior, en Tracage géif gemaach ginn, an et géif systematesch an all den Haiser getest ginn.

Allerdéngs géif et mat der Hausse un Infektiounen ëmmer méi schwiereg gi fir e koherenten Tracage ze maachen, seet d'Carine Federspiel, Generaldirektesch vu ZithaSenior. Mee anescht wéi an der éischter Wel, wéilt een dës Kéier versichen d'Awunner net méi komplett ze isoléieren.

"Et ass effektiv esou gewiescht, datt den 13. Mäerz de Lockdown dekretéiert gouf an den Alters- a Fleegeheemer. An du konnte mir déi vulnerabel relativ gutt schützen. Dat huet natierlech zu anere Folge geféiert, an déi Separatioun huet den eelere Leit an hirer Famill net guttgedoen."

Komplett Isolatioun soll evitéiert ginn

D'Copas huet deemno een Dräi-Stufemodell proposéiert, deen d'Direktiounen individuell kënnen ëmsetzen. Trotzdeem wier déi aktuell Situatioun fir vill Awunner scho schwiereg, seet den 91 Joer ale Robert Goerens, deen an der Fondation Pescatore wunnt.

"Ech froe mech, wéi dat gëtt, Chrëschtdag, wann dat dann nach esou ass, well da verzweiwelen d'Leit."

Net nëmmen d'Bewunner, mee och d'Mataarbechter hätte keng Loscht op eng zweet Well, esou d'Nathalie Hanck. Esouwuel d'Personal, wéi och d'Bewunner hätte keen anere Choix, wéi mat der Situatioun eenszeginn, esou nach de Robert Goerens.