Educatioun Méi streng Mesuren an der Schoul
All d'Schoule sollen no der Fuesvakanz den iwwernächste Méindeg erëm opgoen: dat huet de Minister Claude Meisch de Moien op enger Pressekonferenz confirméiert. Beim Presenzunterrecht gëllen awer nach eng Kéier verstäerkte sanitär Mesuren.
Fir déi Kanner, déi keng oder net genuch Masken hunn, wëllt de Ministère weider medezinesch Masken an de Schoule verdeelen. Et soll an alle Schoulen eng Maskeflicht ginn: an de Grondschoulen, an de Maison relaisen, an am Lycée. Ausname ginn et de Spillschoulskanner a verschidde Schüler aus de Kompetenzzentren.
Geplangt ass d'Schüler an d'Léierpersonal méi reegelméisseg ze testen. Virum Start wäert d'Léierpersonal eng Invitatioun fir an de Large-Scale-Testing geschéckt kréien. Wie keng Invitatioun krut, soll sech per E-Mail mat senger Matricule bei testing@men.lu mellen.
Do, wou de Virus méi staark present ass, wëllt den Educatiounsministère méi dacks testen. Vu Mäerz u sollen och Schnelltester an den Asaz kommen. Wéi eng, konnt de Claude Meisch nach net soen, et wier een nach an Diskussioune mat der Santé, fir déi richteg Tester ze fannen. No enger Quarantän gëtt en negatiivt Testresultat néideg, fir erëm kënnen an d'Schoul ze goen.
Wann d'Zuel vu Corona-Fäll an de Schoulen erëm staark sollt klammen, da si weider zousätzlech Mesurë geplangt, bis hin zum Zoumaache vun de Schoulen an erëm Homeschooling. Eleng an der leschter Woch goufen et am ganzen 379 positiv Fäll bei Schüler a beim Schoul-Personal (Grondschoulen, Secondaire a Kompetenzzenteren): dat ware bal 35 Prozent vun alle Fäll fir deen Zäitraum (1.140).