Jugendschutz Méi Schutz fir d'Kand
De Jugendschutz muss vum Jugendstrofrecht getrennt ginn, seet d'Renate Winter, Presidentin vum UNO-Comité fir d'Rechter vum Kand.
Am Mëttelpunkt vun enger Sitzung an der Justizkommissioun vun der Chamber stoung den aktuelle Gesetzprojet iwwer de Jugendschutz, dee ganz ëmstridden ass. De Staatsrot hat net manner ewéi 20 formell Oppositiounen zum Text formuléiert.
D'Carole Schimmer huet sech mat der Renate Winter ënnerhalen, déi fir eng Ännerung vum Gesetzprojet iwwer de Jugendschutz plädéiert.