Mäin Europa Méi propper Bussen

Wann et ëm Klimaschutz a Loftqualitéit geet, sollten déi ëffentlech Administratioune mam gudde Beispill virgoen. Dofir hätt d'EU gären, datt och Bussen, déi am ëffentlechen Transport fueren, ëmmer méi propper ginn.

Pierre Reyland / cbi

En Elektrobus
Gëtt et an Zukunft ëmmer méi Elektrobusser? Foto: Bigstock / Ruslan Sitarchuk

Déi sougenannten europäesch "clean vehicles"-Direktiv, déi dat reegelt, gouf am Summer geännert. Deemno mussen d'EU-Länner bei Ausschreiwunge fir nei Bussen am ëffentlechen Transport an Zukunft ëmmer méi rigouréis Ëmweltkrittäre respektéieren.

An der Praxis heescht dat, datt ëmmer méi Elektrobussen an Europa wäerte fueren. D'Direktiv schreift pro EU Land Prozent-Tauxe fir déi "propper" Busse vir, déi bei neien ëffentlechen Ausschreiwunge musse respektéiert ginn. Lëtzebuerg huet sech besonnesch ambitiéis Ziler gesat. De Mobilitéitsminister François Bausch sot zum Beispill, datt den RGTR-Reseau bis 2030 - also an eelef Joer - komplett emissiounsfräi soll fueren.

D'Busoperateuren zu Lëtzebuerg sinn also gefuerdert bei der Transitioun op d'Elektro-Mobilitéit am ëffentlechen Transport.

Lauschtert hei de Reportage vum Pierre Reyland an eiser Serie Mäin Europa.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Méi zum Thema

Aedes albopictus
Asiatesch Tigermoustique

Déi geféierlech Asiatesch Tigermoustique verbreet sech zanter de 70er Joren ëmmer méi op all de Kontinenter op der Welt an dat och an Europa. Ass si och schonn zu Lëtzebuerg ukomm?

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

  • Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen