Ainhoa Achutegui Méi ongewollte Schwangerschafte wéinst Confinement?

D'Demande no enger Ofdreiwung kéint elo an d'Luucht goen, seet d'Presidentin vum Planning familial, d'Ainhoa Achutegui. Well den Alldag op d'Kopp geheit gouf, vergiessen d'Frae gären d'Pëll reegelméisseg ze huelen a riskéieren ongewollt schwanger ze ginn. De Planning familial ass trotz sanitärer Kris disponibel, mee huet eng Rei Schutzmoossnamen ergraff fir déi sozial Distanzéierung ze respektéieren.

Carole Schimmer

Ainhoa Achutegui
D'Ainhoa Achutegui ass Presidentin vum Planning familial. Foto: Archiv

De ganzen Interview lauschteren


All Persoun, déi eng Consultatioun oder Berodung vum Planning familial brauch, soll fir d'éischt uruffen oder iwwer Email a Messenger schreiwen. Da kann an enger éischter Phas gekuckt ginn, wéi een der Patientin kann hëllefen.

Duerch d'Corona-Kris ass den Zougang zu Verhütungsmëttele wéi d'Pëll hei am Land e bëssen ageschränkt. D'Fraendokteschen an -Dokteren, oder d'Psychologen am Planning, kënnen eng Consultatioun per Telefon assuréieren. Fir d'Erneierung vun enger Verschreiwung brauch d'Patientin net bis bei de Planning ze goen. D'Ordonnancë ginn iwwer d'Post verschéckt.

Demande no enger Ofdreiwung kéint an d'Luucht goen

Wann den Alldag sech ännert, da vergiessen d'Fraen gären hir Pëll reegelméisseg ze huelen, esou d'Ainho Achutegui.

"Mir hunn och eng ganz grouss Facebook Campagne lancéiert, fir datt d'Leit hir Verhütung net vergiessen. Am Moment ginn et net méi Ofdreiwunge wéi soss. De Planning erwaart awer vun der nächster Woch u méi Demandë fir een Avortement. De Confinement dauert elo zanter véier Wochen. Frae mierken den Ausfall vun der Period eréischt véier bis fënnef Wochen no der leschter Reegel."

Aus deem Grond geet de Planning dovunner aus, datt et elo zu méi Fäll vun ongewollte Schwangerschaften kënnt.

Fraendokter ass och wärend der sanitärer Kris disponibel

Geet et ëm eng Ofdreiwung, da muss déi Fra natierlech bei de Planning laanscht goen.

Wichteg ass och ze wëssen, datt een no engem ongeschützten Akt bannent 24 Stonnen a maximal bis zu dräi Deeg d'Pilule du lendemain muss anhuele fir eng Schwangerschaft ze verhënneren. Do soll d'Persoun beim Planning familial uruffen oder laanscht goen a schellen. D'Patientin gëtt do vun enger Doktesch empfaangen, déi dann d'Pilule du lendemain direkt kann iwwerreechen.

Fir sech diskret un de Planning familial ze adresséiere, wann ee mierkt, datt een ongewollt schwanger ass, kann een nieft dem Telefon och iwwer Email Kontakt ophuelen. Vill Jonker géife Facebook a Messenger notzen, seet d'Presidentin vum Planning familial. Och do kritt ee séier eng Äntwert. Et wier trotz sanitärer Kris méiglech eng diskret Consultatioun ze organiséieren, déi op Distanz mat de Psychologen ofgemaach gëtt.

Méi zum Thema

Francis Spautz
Francis Spautz

Wéi kann ee wärend der Quarantän bewosst preventiv handele fir Aggressiounen a Gewalt doheem ze vermeiden? Infomann réit Distanz ze schafen a Gefiller vun Angscht, Onsécherheet a Machtlosegkeet ze acceptéieren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen