Europa-Interview Méi muskuléiert géintiwwer Orbán optrieden
Wann den ungaresche Premier domat dreet, d'Ausbezuele vum Fonds de relance ze blockéieren, dierft d'EU net no ginn, seet d'Europadeputéiert a fréier däitsch Justizministerin Katarina Barley. D'Europaparlament wier net prett, Jo zum EU-Budget ze soen, ouni datt d'Ausbezuele vun de Suen un ee staarke Mechanismus gebonne gëtt, deen de Rechtsstaat garantéiert.
Déi lescht Woch hat d'Europäesch Kommissioun fir d'éischte Kéier ee Rapport iwwer d'Situatioun vum Etat de Droit an de 27 EU Memberlänner verëffentlecht.
Ee Rapport mat Lücken
Dee Rapport war "iwwerfälleg", seet d'Katarina Barley am 100,7-Interview. Der Europadeputéierter vun der däitscher SPD no goufen net all déi wichteg Beräicher vun der Rechtsstaatlechkeet ënnersicht. D'Grondrechter oder d'Rechter vu Minoritéiten zum Beispill feelen. Dat wier net nozevollzéien, sou d'Katarina Barley.
Déi fréier däitsch Justizministerin hätt sech gewënscht, datt an deem Rapport och Recommandatiounen dra stinn, wou d'Länner missten aktiv ginn. Wichteg wier et, datt elo Reegelen opgestallt ginn, fir de Fall, datt d'EU-Memberlänner sech net un d'Prinzippie vum Rechtsstaat halen.
Kompromësspropos geet net wäit genuch
D'Aféiere vun esou engem Instrument suergt den Ament fir vill Diskussiounen. De Kompromëss, deen déi däitsch Presidence proposéiert huet, geet der Majoritéit am Europaparlament net wäit genuch. Problematesch wier, datt dee Mechanismus just da géif a Kraaft trieden, wann ee Broch mam Rechtsstaat och direkt Konsequenze fir den EU-Budget huet, seet d'Katarina Barley.
Verstéiss géint den Etat de droit hätten awer net onbedéngt eppes mam Budget ze dinn, sou d'Sozialdemokratin. Et géife Beispiller vu problematesche Justizreformen oder awer Agrëff an d'Pressefräiheet an der EU ginn, déi dann net ënner dee Mechanismus géife falen.
Och de Viktor Orbán ass op EU-Suen ugewisen
Den ungaresche Premier Viktor Orbán huet sech kategoresch géint d'Verknäppe vun EU-Suen an engem Rechtsstaatsinstrument ausgeschwat. Hien huet domat gedreet, de Fonds de relance, dee mam EU-Budget zesummenhänkt, ze blockéieren.
Hei sollt d'EU net noginn, seet d'Katarina Barley. Och de Viktor Orbán wier op EU-Suen ugewisen.
finde ich, dass man ihm gegenüber entschiedener auftreten muss. Er macht jetzt den starken Mann, es ist ein bisschen wie Armdrücken gerade, nach dem Motto: wer hält am längsten durch."
Parlament steet net op der Brems
Dem Parlament elo ze reprochéieren, et géif d'Saach an d'Längt zéien a wier Schold drun, datt d'EU-Länner d'Suen aus dem Fonds de relance net kréie wier "absurd an onfair", seet d'Vizepresidentin vum Europaparlament.
D'Europaparlament hätt scho laang eng Propos fir ee Rechtsstaatsinstrument op den Dësch geluecht. "Wie näischt gemaach huet, waren d'Kommissioun an d'Memberlänner". Elo de Spiiss ëmzedréine wier Taktik.
"Die beiden Institutionen diskutieren so lange, bis auch in der Öffentlichkeit ein Druck entsteht. Und dann wollen sie das Parlament dazu zwingen, möglichst schnell zuzustimmen und möglichst wenig Änderungen zu verlangen. Das wird nicht funktionieren."
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.