Wien am Laf vun de Joren ëmmer nees mat dem Site vun der Chamber huet misse schaffen, dee kann nëmme soen: Et gouf Zäit. Déi al Versioun war oniwwersiichtlech, komplizéiert an zum Deel nëmme fir Insider verständlech.
Sich no Dokumenter elo méi einfach
Den neie Site ass an deem Sënn e grousse Fortschrëtt: Véier grouss Rubricke féiere vum Haaptportal op verschidde Säiten: Aktualitéiten, Deputéiert a Kommissiounen, Sëtzungen an Dokumenter esou wéi d'Chamber entdecken. Vun do aus ass et elo däitlech méi einfach Dokumenter oder Riede mat Videomatschnëtt nozesichen, respektiv d'Agendae vun de Sitzungen duerchzebliederen.
De Chamberpresident Fernand Etgen gesäit den neie Site als Deel vun der Digitaliséierungsstrategie vun der Chamber:
"Ech menge mir hu sou vill Projeten an der Chamber um lafen déi dann op deen neie Site gutt kënnen dorobber opbauen. Ech denken einfach als Stéchwuert z.B. speech-to-text oder einfach Projeten déi aus dem Beräich vun der Digitalisatioun kommen."
Bei der Sécherheet oppassen
Immens vill Donnéeën, och historescher, kënnen op der Säit ofgeruff ginn. Mee wien Donnéeë seet seet och Dateschutz. D'Chamber wier, dem Fernand Etgen no, éischter eng Zilscheif wéi aner Institutiounen an datt bei der Sécherheet misst opgepasst ginn:
"[...] Chamber huet jo do och negativ Erfarunge an der Vergaangenheet gemaach. Mee ech menge mat dem neie System si mer ganz gutt opgestallt."
D'Säit ass a véier Sproochen accessibel, op Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch. Och a vereinfachter Sprooch kann een sech d'Texter uweise loossen. Ausdrécklech erhofft een sech Feedback fir de Site weider ze verbesseren.