Wirtschaft Méi Hëllefe fir Entreprisen déi staark vun der Kris betraff sinn

D'Entreprisen, déi am stäerkste vun der Corona-Pandemie betraff sinn, solle méi staatlech Finanzhëllefe kréien. Dozou gehéieren notamment d'Betriber aus der Restauratioun. De Mëttelstandsminister Lex Delles huet de Gesetzprojet fir d'Upassungen de Méindeg de Mëtteg presentéiert, déi duerch gréng Luucht vun der Europäescher Kommissioun méiglech gi sinn.

Serge Kesseler / cz

Lex Delles, ministre des Classes moyennes, ministre du Tourisme
Foto: SIP / Emmanuel Claude

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschteren


Déi net-remboursabel Aide Relance an d'Hëllef fir ongedeckte Käschte solle bis de Juni verlängert ginn. De Staat soll vun dësem Februar un déi komplett net-gedeckte Käschte vun deenen Entreprisen iwwerhuelen, déi vun enger "Fermeture légale" betraff sinn, oder déi wéinst de Restriktiounen op d'mannst 75 Prozent manner Ëmsaz gemaach hunn.

D'Betriber, déi mussen zou hunn, sollen donieft een Deel vun hirem Ëmsaz, dee si duerch Liwwerungen oder "vente à emporter" maachen, bei der Berechnung immuniséiert kréien, esou de Minister. "Dat heescht datt dëse Montant net wéi bis ewell bei de Recetten an der Aide non couverts eraus gerechent gëtt." Domat wéilt een déi Restauranten a Caféen honoréieren, déi trotz der schwiereger Situatioun nach e Service ubidden a weider schaffen. "Et ass eis wichteg, dass d'Schaffe sech lount", sou de Lex Delles.

Hëllefe fir ongedeckte Käschte gi verduebelt

Eng weider geplangten Ännerung ass déi, datt déi maximal Zomme vun den Hëllefe fir ongedeckte Käschte verduebelt ginn, huet de Mëttelstandsminister Lex Delles erkläert.

"Dat heescht fir eng Mikroentreprise vun 0 bis 9 Salariéen ass den neie Plaffong pro Mount 30.000 Euro. Fir eng kleng Entreprise (10 bis 49 Salariéen) ass den neie Plaffong 150.000 Euro pro Mount. A fir mëttel a grouss Betriber iwwer 50 Salariéë sinn et 300.000 Euro."

Och jonk Entreprisë sollen an Zukunft vun den Hëllefe kënne profitéieren. De Projet mat all de Changementer muss nach vun der Chamber gestëmmt ginn. Déi geschate Käschte fir de Staat leien dem Projet no bei 60 Milliounen Euro. E Villfacht dovun hunn d'Hëllefe wéinst de Konsequenze vun der Pandemie bis elo scho kascht.

Méi zum Thema

Michel Reckinger
Diskussiounen ëm en Ersaztgehalt

An den Diskussioune ronderëm en Ersatzgehalt fir Independanten ass weider keng Léisung a Siicht. Den UEL-President Michel Reckinger lueft awer déi geplangten Hëllefe vum Mëttelstandsminister Lex Delles.

François Koepp
François Koepp

Et hätt een an de Verhandlunge Satisfaktioun kritt bei den Haaptfuerderungen, seet de François Koepp. Vill vun de Fuerderunge goufen erfëllt, seet de Generalsekretär vun der Horesca.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen