Auslandschronik Méi Ëmwelt, manner Auto

Den däitsche Verkéiersminister stellt d'Grenzwäerter vun der Ëmweltverschmotzung a Fro. Hie berifft sech op en oppene Bréif vun 100 Dokteren, vun deenen eng Rei zoufälleg fréier an der Autosindustrie geschafft hunn. Do leeft eppes schif, mengt de Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch / cz

Kommentar Matthias Kirsch
Matthias Kirsch

Et kléngt wéi erfonnt: den däitsche Verkéiersminister wëll d'Grenzwäerter fir d'Ëmweltbelaaschtung duerch Stéckoxiden néi definéieren. Déi wieren ze héich, seet den Andreas Scheuer an engem Interview mat der BILD-Zeitung. Hie berifft sech dobäi op e Communiqué vun 100 Longendokteren - vun deenen op mannst ee bis viru kuerzem vir den Autosproduzent Daimler geschafft huet.

Den Andreas Scheuer fënnt, Däitschland géif sech mat sou "masoschistesche Grenzwäerter" selwer schueden. Et ass genau ëmgedréint: Et ass de Verkéiersminister, deen dem Land am Moment schued.

Representant vun der Industrie

Den CSU-Politiker steet schonn zënter Méint hannert der grousser, mächteger Autosindustrie. Genau wéi d'Lobby vun der Industrie schwätzt hie sech géint Norëschtunge vun alen Dieselen aus. De Scheuer huet net déi däitsch Bierger am Sënn, mee d'Produzenten. A wann hie Sätz seet wéi "Et gi Leit an Däitschland, déi wëllen den Diesel an duerno de Bensinsauto zerstéieren", da kritt ee schonn d'Gefill, datt do een de Representant vun der Industrie, an net vun der Populatioun ass.

Den Andreas Scheuer ass awer net deen eenzegen, un deem een am Moment erkennt, datt et ëm d'Ëmweltbewosstsinn an Däitschland grad net ganz gutt steet.

An de leschte Wochen demonstréieren an Däitschland - wéi a ganz Europa - dausende Schüler a Studente fir e bessere Klimaschutz. Si demonstréiere géint déi aktuell Politik vu Leit wéi dem Andreas Scheuer, a fir eng Zukunft, déi si vill méi concernéiert wéi déi Leit, déi am Moment d'Decisiounen treffen.

Anti-Jonk, Anti-Zukunft

Ma wien an den däitsche sozialen Netzwierker d'Reaktiounen op dës Demonstratioune verfollegt huet, deem konnten nawell gär d'Aen aus dem Kapp falen. Virun allem eeler Politiker a Commentateuren hu sech do net iergendwéi mat den Demande vun der jonker Generatioun ausenee gesat. Au contraire: Ganz vill Leit hu sech iwwer déi Jonk lëschteg gemaach, zum Deel och beleidegt. Och mat der schwedescher Ëmweltaktivistin Greta Thunberg, där hir Protestaktiounen déi däitsch Demonstratiounen inspiréiert huet, gëtt op Twitter, Facebook a Co. immens vill de Geck gemaach.

Wat op deem Niveau grad an Däitschland geschitt, huet déi däitsch-tierkesch Schrëftstellerin Hatice Akyün vläicht am beschte beschriwwen.

Et ass genau déi Haltung, déi sech vun der Autosindustrie bis a grouss Deeler vun der Politik duerchzitt. Et ass Zäit, datt sech an Däitschland a Saachen Ëmweltbewosstsinn eppes ännert. Mee et stellt ee sech natierlech d'Fro, wéi dat soll goen, wa sech schonn de Verkéiersminister op Doktere verléisst, déi bis viru kuerzem nach sëlwer an der Autosbranche geschafft hunn.

An der Mediathéik:

Chronik / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Pierre Gramegna
Staatsfinanzen a Klimaschutz

Mam Budgetsgesetz 2019 wäert en éischte Schrëtt aus dem Tanktourismus eraus gemaach ginn, seet de Pierre Gramegna. Et misst manner getankt gi fir datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreecht.

Autoen
Autofestival 2019

Wat erwaarden d'Garagiste sech vum Autosfestival 2019? Wéi een Afloss op d'Kafverhale kéinten déi ugekënnegt méi héich Spritbesteierung an déi ugekënnegt staatlech Primm fir Elektroautoen hunn?

Auspuff.jpg
Automobil-Branche

De Verband vun den däitschen Auto-Constructeuren hat Ufank August no enger Reunioun mat der däitscher Regierung matgedeelt, mat den Ännerunge bei der Software vu fënnef Milliounen Autoe kéint een d'NOX-Emissiounen ëm 25 bis 30 Prozent erofsetzen.

Michel Cames
Ëmwelt

Den Niveau vum kriibsereegende Stéckstoff an der Loft ass permanent ze héich. Dem Michel Cames no, ass déi läscht 20 Joeren an der EU just op Diesel gesat ginn.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen