"Et ass méi e politesche wéi en humanitäre Problem", sot de Xavier Bettel zu Bréissel. An de leschte Méint koumen effektiv däitlech manner Flüchtlingen an d'Europäesch Unioun wéi nach 2015, eng humanitär Urgence gëtt et net.
Nei politesch Situatiounen
Politesch ass dat anescht: De Lëtzebuerger Premier huet vun enger politescher Kris an Däitschland geschwat, déi leider och Repercussiounen op d'EU hätt. An der däitscher Regierung gëtt et Sträit, deen d'Koalitioun kéint scheiteren dinn, ënner anerem wéinst der Migratiounspolitik. Déi bayresch CSU wëllt all déi Flüchtlingen ausweisen, déi an der EU fir t'éischt an engem anere Land enregistréiert goufen.
Dofir gëtt et d'Dublin-Prozedur, mee déi gëllt allgemeng als gescheitert. Eng Reform wier néideg, mee vill Länner wëllen net iwwer eng Ëmverdeelung vu Flüchtlinge schwätzen. Vu Berlin heescht et, d'Kanzlerin géif dofir probéieren hei zu Bréissel bilateral Accorde mat eenzele Länner ze fannen - vu Paräis gëtt Ënnerstëtzung zougesot.
Net just Däitschland ...
Däitschland ass net den eenzege Grond fir déi politesch ugespaante Situatioun. Italien ass - mat senger neier rietspopulistescher Regierung - en neien Acteur. Vill Flüchtlinge kommen iwwer d'Mëttelmier an Italien: zanter Wochen awer gëtt Roum kloer ze verstoen, datt d'Schëffer mat Flüchtlingen net méi wéi bis elo wäerten akzeptéiert ginn. D'EU steet ënner Drock.
Eng vun de Léisungen ass, datt Spuenien, Malta a Frankräich och Schëffer unhuelen, esou d'Noriichtenagence DPA. Déi aner Léisung: D'Flüchtlinge solle souwäit wéi méiglech guer net méi an d'EU kommen. De Schutz vun de Baussegrenzen huet um EU-Sommet Top-Prioritéit, sot d'Angela Merkel. Déi Ausso weist ganz gutt, wéi de politeschen Discours dréit. D'Politik passt sech un, an enger EU, an där et ëmmer méi rietspopulistesch an auslännerfeindlech Regierunge gëtt, a wou Ëmfroe behaapten, d'Bierger géife méi skeptesch par Rapport zu Flüchtlinge ginn.
Nei "Plattformen"
Dowéinst wëllt d'EU-Kommissioun e Konzept virleeë fir Flüchtlingszenteren an Nordafrika, wou d'Flüchtlingen kënnen higeschéckt ginn, nodeems si un der libescher Küst opgefaange goufen (D'EU-Politiker schwätze vu "Plattformen"). Wat genee dorënner ze verstoen ass, ass net kloer.
Konkret Léisunge si keng ze erwaarden, och bis muer net, hu verschidde Memberlänner schonn ze verstoe ginn. Och de Xavier Bettel rechent net domat, datt um EU-Sommet alles konkret geléist gëtt. Mee dat misst an den nächste Wochen awer geschéien, "a wa mir eis an der Vakanz nach emol musse gesinn, esou de Premier.