Debatt an der chamber Méi Biergerbedeelegung an der Politik

Méi Biergerbedeelegung ass an enger Demokratie essentiel. Do ware sech alleguer d'Parteien eens. An der Chamber gouf doriwwer debattéiert, wéi d'Bierger sech méi an d'Entwécklung vun der ëffentlecher Politik kennen abréngen. Ënnert den Haaptiddie vun de Parteie waren d'Grënnung vun engem permanente Biergerrot, méi Referenden oder nach ee Participative Budget.

Maxi Pesch / jod

Chamber
An der Chamber gouf doriwwer debattéiert, wéi d'Bierger sech méi an d'Entwécklung vun der ëffentlecher Politik kennen abréngen. (Foto: Chambre des Députés)

Lëtzebuerg wier mat enger politescher Vergiessenheet a Populismus konfrontéiert, esou de Gréngen Deputéierte François Benoy, deen d'Debatt initiéiert huet. Eng méi grouss Biergerbedeelegung op lokalem an nationalem Plang géif d'Demokratie stäerken. Ma se misst virop professionell organiséiert sinn.

"Dofir muss de Kader kloer definéiert si mat enger Zilsetzung an engem Zäitplang. De Prozess muss transparent sinn. Kloer an op Aenhéicht a representativ. An e muss vu neutrale Profien organiséiert ginn, déi de Prozess begleeden."

Zum Beispill misst ee sech bei der Iddi vum Biergerrot eng Rei Froe stelle fir ze wëssen, wéi ee Format ee soll fir wéi ee Sujet huelen, esou den Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei.

"Et ass net all Method fir all Zweck gëeegent. Wat soll Participatioun bréngen? Wat soll den Output sinn? Wei laang soll den Exercice daueren?"

Inhalt, deen einfach formuléiert ass

Och d'CSV ass grondsätzlech fir méi Participatioun vun de Bierger, soulaang et am verfassungsrechtleche Kader géif bleiwen. Lëtzebuerg kéint sech un engem permanente Biegerrot sou wéi et en an de Belsch gëtt inspiréieren. Donieft sot de Gilles Roth, datt d'Participatioun de Bierger méi schmackhaft misst gemaach ginn.

"D'Leit missten an eisen Aen niewent den techneschen Dokumenter een einfache Resumé kréie mat de Kärpunkte vun deem, wat geplangt ass. An virun allem net ze voluminéis. Well soss bleift déi Participatioun, déi gutt gewënscht ass, aus."

D'CSV huet dann och un déi eege Responsabilitéit vun den eenzele Bierger erënnert. Zum Beispill wier et schwéier, d'Wallëschten an de Gemenge voll ze kréien.

Den Frank Colabianchi mengt awer net, datt et eng Politikverdrossenheet hei am Land gëtt. Den DP Deputéierten huet virop déi laang Prozedure kritiséiert, déi et souwuel op lokalem, wéi och op nationalem Niveau ginn, an déi d'Bierger géifen ofschrécken.

"Dat féiert zu Frust a Vedrossenheet bei de Leit an der Politik. Op nationalem a kommunalem Niveau. Schwätzen an diskutéieren ass gutt, handelen a realiséieren ass besser."

Vu participative Budgeten bis hin zu Referenden

D'LSAP Deputéiert Simone Asselborn-Bintz huet de participative Budget ugeschwat, deen et schonn an der Gemeng Diddeleng gëtt

"Beim participative Budget hunn d'Residente vun Diddeleng d'Méiglechkeet, konkret Projeten ze proposéieren an ze stëmme fir ee Montant, deen engem Prozent vum Budget d'inventissement entsprécht."

D'ADR huet sech nach eemol fir de Referendum ausgeschwat. Een Instrument fir d'Biergerbedeelegung, dat an hiren Aen net genuch genotzt gëtt, mengt de Fred Keup.

"Am Virfeld vun engem Referendum entsteet ee Meenungsaustausch. Et gëtt iwwer Inhalter debattéiert. Mënsche schwätzen iwwer politesch Inhalter, wat leider soss vill ze kuerz kënnt."

Fir déi Lénk misst d'Politik de Bierger d'Instrumenter méi no bréngen. Zum Beispill soll d'Aarbecht, déi den Zentrum fir politesch Bildung an dem Sënn mécht, weider ausgebaut ginn, esou d'Myriam Checchetti.

An enger Motioun déi och ugeholl gouf, hunn d'Parteien d'Regierung opgefuerdert fir zesumme mat der Chamber an den Experten eng detailléiert Analysen ze maachen iwwer d'Instrumenter vun der Biergerbedeelegung vun de leschte Joren. Dorënner de Klimabiergerrot an de Biergercomité.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Maurice Molitor Kommentar
Chambre des députés

Laang virun de Wale steet eppes fest: och déi nächst Chamber wäert nees kee Spigelbild vun der Gesellschaft sinn. Dat ass net nei, an awer schued, mengt de Maurice Molitor a sengem Commentaire.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen