Wunnengsmaart Ënnerschiddlech Meenungen iwwer d'Eegentumsrecht

Et gëtt e Konsens iwwert de Manktem u bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg. Kee Konsens gëtt et awer an der Fro, wéi dee Problem ze léisen ass. Dat huet d'Diskussiounsronn mat Vertrieder vun DP, LSAP, CSV an déi Lénk gewisen. Beim Agrëff an d'Eegentumsrecht a bei der Besteierung vun Terrainen an Immobilie leien d'Meenunge vun de Politiker auserneen.

Mick Entringer / jcf

Riicht Eraus ReR
Max Hahn (DP), Yves Cruchten (LSAP), Félix Eischen (CSV), Gary Diderich (déi Lénk)

Déi Lénk an d'LSAP si fir méi contraignant Bestëmmungen, wéi d'Besteierung vu fräiem Wunnraum an net genotzten Terrainen. Och d'Expropriatioun wier e Steier-Instrument am Logement, esou den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten an de lénke Spriecher Gary Diederich a Riicht eraus. D'DP an d'CSV sinn anerer Meenung: D'Demokratesch Partei wier net bereet, weider an d'Eegentumsrecht anzegräifen, esou den Deputéierte Max Hahn. Och den CSV-Deputéierte Felix Eischen huet sech géint eng Verschäerfung vun der Expropriatioun ausgeschwat.

Just 8% vun den 1.000 Hektar, déi an de Bauperimeter leien an direkt bebaut kéinte ginn, leien an ëffentlecher Hand, seet den Yves Cruchten. De Gros dovu wär an den Hänn vu Gesellschaften a Promoteuren, déi sech op Bauspekulatioun spezialiséiert hätten. Mat enger méi einfacher Expropriatioun wären déi Leit viséiert, an net kleng Famillen, déi Terraine fir hir Kanner halen.

Debatt am Hierscht

"Mir musse kee Konsens iwwert eng Mesure fannen, mä iwwert e Prinzip: mir kënnen et dem Marché net méi ganz eleng iwwerloossen”, esou de Gary Diederich.

D’Parteien hunn ofgemaach, fir am Hierscht parteiiwwergräifend an enger Debatt an der Chamber konkret Léisungsvirschléi auszeschaffen.

"Mir wäerten eis ganz Wunnkultur an den nächsten 20 Joer mussen änneren. Mir kréien all Joer bis zu 15.000 Leit bäi: Wou wunnen déi Leit?", freet de Félix Eischen (CSV). De Max Hahn (DP) mengt, datt en historesche Retard muss opgeschafft ginn, a gläichzäiteg nei Wunnenge fir nei Residente musse gebaut ginn. Eens ass ee sech, datt net eng Mesure eleng de Problem géing léisen.

Besëtzen oder lounen?

"Mir solle frou sinn, datt 70% vun de Residente Proprietairë sinn. Et soll eist Ziel sinn, de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, Proprietaire vun hirer Wunneng ze ginn." Déi Meenung vum Yves Cruchten deelt de Gary Diederich net. Proprietaire si wär net den eenzege Liewensmodell. Grad déi Virstellung misst geännert ginn, andeems zu Lëtzebuerg eng Mietkultur geschaaft gëtt. Fir de lénke Politiker sollten och nei Wunnformen, wéi Wunnkooperativen, ausgebaut ginn.

De Max Hahn hieft d'Efforten ervir, déi d'Regierung am Beräich vum soziale Wunnraum gemaach hätt. Esou wär d'Kapital vun der SNHBM gehéicht ginn, an déi national Gesellschaft fir moderéierte Wunnraum hätt ënnert dëser Regierung méi nei Wunnengen op de Marché bruecht: vun 80 Wunnengen d'Joer op elo 250 d'Joer.

Eens si sech déi véier Politiker vun CSV, DP, LSAP an déi Lénk, datt massiv misst investéiert ginn, fir nei Locatiounswunnengen ze schafen. Dofir misst de Staat Bauland mobiliséieren.

Méi zum Thema

Chantier Exklusiv
Logement

D'"Société Nationale d'Habitation à Bon Marché" schafft un enger Kapitalerhéijung. Wéinst hirer Expansioun soll d'SNHBM viraussiichtlech zéng Milliounen zousätzlech zur Verfügung gestallt kréien.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen