Corona-Kris Penurie vu Medikamenter an der EU: Aus Corona léieren

D'EU hänkt staark vu baussen of, wann et drëms geet, datt genuch Medikamenter zur Verfügung stinn. Dat huet d'Corona-Kris däitlech gemaach. 40 Prozent vun de Medikamenter, déi an der Europäescher Unioun verkaf ginn, kommen aus Drëttlänner. Europa muss op dësem Gebitt nees méi onofhängeg ginn, fuerdert d'Europaparlament.

Danièle Weber

Illustration on medical tablets
Foto: EC - Audiovisual Service - Lukasz Kobus

Scho virun der Corona-Kris war de Problem, datt Medikamenter a verschiddene Beräicher an der EU knapps sinn, een Theema. D'Ursaache si bekannt, seet d'Véronique Trillet-Lenoir. Déi franséisch Europadeputéiert fir La République en marche ass Onkologin an Co-Rapportrice vun engem Rapport zu deem Theema am Europaparlament.

Kee richtegen EU-Bannemarché

Als éischt Ursaach nennt si d'Relokalisatioun vun der Produktioun baussent der EU, zweetens wier d'Demande zum Beispill no Impfstoffer an den Entwécklungslänner staark eropgaangen. An drëttens géif op enger "Just-in-time"-Basis geschafft ginn, wat och dofir suergt, datt de Risk vun enger Penurie héich ass.

Wärend scho bal d'Hallschent vun de Medikamenter, déi an Europa verkaf ginn, importéiert ginn, stamen 80 Prozent vun deem, wat an de Medikamenter verschafft gëtt, aus China an Indien. Dat d'Medikamenter an der EU deels knapps sinn, huet awer och intern Ursaachen, seet déi gréng Europadeputéiert Michèle Rivasi.

"De Problem ass, datt all Land seng eege Präisser festleet. Et ass keen harmoniséierte Marché. Et gëtt verschidde Systemer fir d'Medikamenter ze stockéieren, an et gëtt Importquoten. Et gëtt also kee richtegen EU-Bannemarché, an deem d'Medikamenter fräi zirkuléiere kënnen. Well et gëtt Präisgrenzen, déi parallel Marchéë schafen."

D'Corona-Kris huet d'Limitte vum Bannemarché op eng brutal Aart a Weis virun Ae geféiert: Däitschland a Frankräich hu vun haut op muer den Export an aner EU-Länner vu verschiddene Produite wéi Masken gestoppt.

Relokalisatioun schwiereg

D'Europäesch Kommissioun huet Initiativ gestart, fir datt d'Memberlänner sech besser ënnerenee koordinéieren, och en Vue dovun zesumme Medikamenter ze stockéieren.

Et misst een Donnéeën iwwer dee Stockage sammelen a kucken, wéi vill Medikamenter an eenzel Länner geschéckt ginn a wéi se genotzt ginn, seet den Andy Powrie-Smith vun der europäescher Federatioun vu de Pharma-Industrie-Associatiounen.

"Dës Donnéeën, kéinten eis hëllefen, ze verstoen, firwat ze mann Medikamenter do waren, fir dann zesummen drun ze schaffen, dat ze änneren"

esou den Andy Powrie-Smith.

D'EU-Länner musse ech méi staark koordinéieren, méi enk zesummeschaffen, seet d'Europadeputéiert Véronique Trillet-Lenoir. Esou kéinten zesumme Medikamenter akaf a stockéiert ginn a Relokalisatioune vun der Produktioun an d'EU encouragéiert ginn.

D'Iddi awer, dofir ze suergen, datt elo d'Produktioun vun de Medikamenter nees méiglechst an d'EU verluecht gëtt, ass ëmstridden. Dat wier riskant an hätt och Limitten, seet d'Illaria Passanari vum europäesche Verband vun den Apdikter.

Esou eng Relokalisatioun géif laang daueren, an d'Präisser géife riskéiere staark an d'Luucht ze goen.

"Fir manner vulnerabel ze ginn, muss diversifizéiert ginn. Dat heescht zum Beispill, datt Produzente sollen encouragéiert ginn op verschidden Hiersteller vun den Inhaltsstoffer zeréckzegräifen."

D'Europäesch Kommissioun schafft un engem Pabeier, dee nach sollt am Juli presentéiert ginn. Dat gouf elo op méi spéit verluecht. Do sollen d'Léieren, déi aus der Corona-Kris ze zéie sinn, mat dra verschafft ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Medezineschen Offall
Medezineschen Offall

Zanter zwee Méint gi ronn dräi Tonne medezineschen Offall pro Woch an der Verbrennungsanlag vum SIDOR verbrannt. Deem ware Spannungen tëschent der Cellule de Crise Covid-19 an de Responsabele vu SIDOR virausgaangen.

Medezineschen Offall
Medezin

Lëtzebuerg sicht no innovative Weeër fir medezinesch Offäll ze verwäerten. Eng nei Technologie aus Brasilie versprécht eng méi ekologesch a lokal Léisung. De Centre Hospitalier zu Esch wëllt bei engem Testprojet deelhuelen.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen