Public Forum Mediefräiheet zu Lëtzebuerg
Wéi steet et ëm déi redaktionnell Onofhängegkeet zu Lëtzebuerg? Wéi ass d'Hierarchie an de verschiddene Medienhaiser zu Lëtzebuerg a wéi ass d'Verantwortung tëschent Redaktiounen, Direktiounen an Éditeure gereegelt? Vertrieder aus verschiddene Medien hunn op Invitatioun vun der Zäitschrëft "Forum" doriwwer diskutéiert.
Fir d'Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot ass d'Diskussioun ëm d'Medien- a Pressefräiheet eng, déi net nëmmen op Lëtzebuerg begrenzt ass. Och a Frankräich bei Le Monde oder an den USA bei der Washington Post géifen et aktuell Diskussioune ginn, ënner anerem well sech d'Besëtzverhältnesser geännert hunn. Mee och d'Konzentratioun vun de Medie géif hei matspillen, seet d'Journalistin vum Lëtzebuerger Land. Als Beispill nennt si déi Diskussiounen, déi a Polen geféiert ginn.
Zu Lëtzebuerg ass am Pressegesetz vun 2004 de Beruff vum professionelle Journalist wéi och d'Relatioune mat den Editeure festgehalen. Am Gesetz geet och rieds vun der Ligne éditoriale, also no wéi enge Prinzipien déi ënnerschiddlech Medienhaiser Informatioune verschaffen. Déi Ligne éditoriale ass fir all Medienhaus anescht a gëtt vum Editeur festgeluecht.
Ligne éditoriale: Ensemble des principes généraux du traitement de l'information dans le domaine culturel, écono-mique, idéologique, moral, politique et social déterminé par l'éditeur
D'Ines Kurschat ënnersträicht awer, datt d'Fro vun der redaktionneller Onofhängegkeet eng aner wier, an datt déi zwee Begrëffer dacks verwiesselt géife ginn, och vu Journalisten. D'Ligne éditoriale géif nämlech vum Editeur festgeluecht ginn, an d'Redaktioun misst do net zwéngend implizéiert sinn.
"An deem Sënn ass déi Indépendance, déi een och am Gesetz fënnt, eng Indépendance éditoriale, a keng Indépenance journalistique."
Fir vun der staatlecher Pressehëllef ze profitéiere muss all Publikatioun eng Ligne éditoriale ausschaffen, déi awer net publizéiert muss ginn.
Verantwortlechkeet am Pressegesetz
Am Lëtzebuerger Pressegesetz ass déi editorial Verantwortlechkeet festgehalen, wéi de Jürgen Stoldt vum Forum erkläert.
"Das andere Seltsame im Pressegesetz ist ja, dass es Verantwortlichkeiten festlegt, und zwar in einer Kaskade, und zwar nicht von oben nach unten, sondern von unten nach oben. Der Journalist ist der Erste, der belangt wird."
D'Ines Kurschat ergänzt, datt an éischter Linn de Journalist fir den Inhalt haftbar ass, an dann eréischt den Editeur.
Als Beispill nennt de Jürgen Stoldt d'Affär ëm den deemolegen Direkter vum Mudam, den Enrico Lunghi an enger RTL-Journalistin. Eng Affär, déi hien als "absolute Medien-GAU" empfont huet.
D'RTL-Journalistin Annick Goerens erkläert, datt sech zanterhier d'Strukture bei RTL geännert hunn. Aus den zwee Medien RTL Tëlee an RTL Radio wier eng gemeinsam Entitéit entstanen, déi och méi géif zesummeschaffen: ënner anerem géif et mëttlerweil eng gemeinsam Redaktiounskonferenz ginn an den internen Etikrot wier och reforméiert ginn.
Ëffentlechen Drock
D'RTL-Journalistin hätt an engem Reportage iwwer den Audit vum Filmfong selwer gemierkt, datt et net ëmmer evident ass fir iwwer Theemen ze schwätzen, déi een och direkt an indirekt selwer betreffen. RTL géif selwer dacks mam Filmfong zesummeschaffen an et hätt missten intern diskutéiert ginn, wéi een deen delikate Sujet géif upaken.
"Mir hu versicht eis déi néideg Zäit ze huelen", seet si, och wann net ëmmer alles esou géif lafe wéi geplangt. "De Wëlle vun der Chefredaktioun a vum Directeur de l'info war do, fir dee Reportage ze maachen. Do mëscht sech keng Direktioun an."
D'RTL-Journalistin zielt awer, datt si nom Reportage vill Messagë krut, ënner anerem och Menacen, déi si per Post kritt huet.
Intern Richtlinnen
Fir de Jean-Claude Franck, Chefredakter vum radio 100,7, ass et wichteg, datt all Medienhaus intern Richtlinnen huet:
"Wann ee Richtlinnen huet an enger Redaktioun, an de Sujet ass sensibel, mee déi Richtlinnen sinn all erfëllt, an et huet een iwwerpréift, datt alles stëmmt, da muss een et als Redaktioun zesummen duerchzéien. Et ass dann egal, wat do vun Drock kënnt."
Et wier normal a gutt, datt bei sensibele Sujeten an der Redaktioun doriwwer diskutéiert gëtt. "Natierlech muss eng Chefredaktioun sech als éischt dohi stellen", seet hien, mee et misst een als Ekipp zesummeschaffen.
Als Beispill nennt de Jean-Claude Franck d'Chamberleaks, wou d'Chefredaktioun an zwee Journalisten aus der Redaktioun zesummegeschafft hunn. Wéi intern Froen opgeworf gi sinn, hätt een déi zesummen an der Ekipp diskutéiert.
Fir de Paul Peckels, Generaldirekter beim Lëtzebuerger Wort, ass d'Reputatioun vun engem Medienhaus wichteg:
"Et ass jiddwerengem bewosst, datt engem ganz determinéierten Editeur de Wäert vu senger Marque méi wäert ass wéi e kuerzfristegen Client, deen da méi frou ass, wann een Artikel net géif publizéiert ginn. Déi Marque, déi Reputatioun, déi Credibilitéit déi drun ass, ech mengen, datt déi immens wichteg ass."
D'Trennung tëschent Direktioun a Redaktioun
Zanter 2013 wier d'Lëtzebuerger Wort esou opgestallt, datt et zwou intern Entitéite ginn, seet de Paul Peckels: eng Direktioun an eng Chefredaktioun, déi allebéid vum Conseil d'administratioun erausgesicht ginn.
Hie selwer ass Generaldirekter vum Lëtzebuerger Wort an hält déi Trennung och héich:
"Ech hale mech ganz aus der Redaktioun eraus. Ech sinn heiansdo moies frou an och heiansdo rosen, wann ech eppes an der Zeitung liesen, mee ech halen dat alles fir mech."
D'Ligne éditoriale wier nach ëmmer déi selwecht, och wann de Jean-Lou Siweck duerch eng aner Chefredaktioun ersat gi wier.
D'Direktioun géif der Redaktioun net draschwätzen, huet de Paul Peckels op Nofro hi confirméiert. "Ech intervenéieren net." Hien ënnersträicht awer, datt all Ligne éditoriale, wéi och all Gesetzestext, Raum fir Interpretatioune léisst.
Onofhängegkeet beim radio 100,7
D'Fro vun der redaktionneller Onofhängegkeet gëtt och an anere Medienhaiser aktiv debattéiert, ënner anerem beim radio 100,7. No der Demissioun vum fréieren Direkter Jean-Paul Hoffmann hätt säin Nofolger Marc Gerges seng Roll anescht interpretéiert, mengt de Jürgen Stoldt vum Forum.
D'Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktrice, mengt awer net, datt déi intern Friktiounen u Persoune gebonne wieren. "Et geet hei net ëm d'Persounen, mir fueren alleguerte ganz frëndlech mateneen um Radio." D'Chefredaktioun hätt sech mat hiren Doleancen zwar no der Demissioun vum Jean-Paul Hoffmann un d'Ëffentlechkeet geriicht, si hätt sech dono awer net méi ëffentlech zu Wuert gemellt.
Risike fir d'Onofhängegkeet gesäit d'Pia Oppel op zwou Plazen. Engersäits géif et ëm de Radio als Institutioun goen, an anerersäits ëm déi redaktionnell Onofhängegkeet. De radio 100,7 hätt als ëffentlech-rechtleche Radio kee Gesetz, wat eng eenzegaarteg Situatioun wier.
"Et gëtt kee Gesetz, datt mir e Radio de Service public hunn, et gëtt kee Gesetz, an deem steet, wat eis Missioun ass, wéi eis Gouvernance funktionéiert, wéi eise Budget gereegelt ass, wat mir eigentlech solle maachen."
Der Pia Oppel no wier et also méiglech, datt de radio 100,7 ofgeschaaft gëtt, ouni datt domat e Gesetz verletzt géif ginn.
Déi meescht Saache wieren iwwer e Règlement grand-ducal gereegelt, an d'Regierung kéint dat "vun haut op muer änneren, ouni iergendeen ze consultéieren". A ganz Europa wier dat néierens méiglech, datt e Service public op esou dënnem Äis géif stoen. "Trotz deem Damoklesschwäert, dat iwwer eis schwieft, maache mir eis Aarbecht sou gutt wéi et geet", seet d'Pia Oppel.
D'Pia Oppel begréisst, datt d'Regierung dës Diskussioun ëm e Gesetz féiere wëllt. De Radio wier de Bierger géigeniwwer verantwortlech, well e mat Staatssue finanzéiert gëtt.
Intern Tensiounen
D'Pia Oppel gëtt zou, datt et intern beim radio 100,7 an de leschte Méint Tensiounen tëschent de Redaktiounen an der Direktioun goufen. De Radio hätt e Redaktiounskonzept vu 50 Säiten dat festleet, wéi d'Journaliste schaffen.
An dësem Dokument wier och festgeluecht, datt Partenariater keen Afloss op den editoriale Contenu dierfen hunn. Wa Journaliste vum Radio op der Nuit des Musées am Mudam en Interview géife maachen, "da stelle mir déi selwecht Froen, wéi an engem Riicht eraus".
Am Redaktiounskonzept wier net rieds vum Direkter, mee dat géif net bedeiten, datt Journalisten "Narrenfreiheit" hunn. "Dat ass de Contraire vun deem, woufir ech hei plädéieren", seet d'Pia Oppel. Willkür wier de gréisste Feind vum Radio, an dofir wier et wichteg, dëst Redaktiounskonzept ze hunn.
Lauschtert de ganze Public Forum hei:
Public Forum - Mediefräiheet zu Lëtzebuerg - Deel 1
Public Forum - Mediefräiheet zu Lëtzebuerg - Deel 2
De Public Forum zum Thema "Medienfreiheit in Luxemburg" gouf vun der Zeitschrëft Forum organiséiert. Invitéiert ware Vertrieder aus der Lëtzebuerger Presselandschaft:
- Annick Goerens, Journalistin bei RTL
- Richard Graf, Journalist bei der Woxx
- Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot a Journalistin beim Lëtzebuerger Land
- Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktrice beim radio 100,7
- Paul Peckels, Generaldirekter beim Lëtzebuerger Wort.
Moderéiert gouf d'Diskussiounsronn vum Jürgen Stoldt vum Forum.
Notiz: Wéinst technesche Schwieregkeeten ass d'Qualitéit vun der Opnam net ideal. Mir bieden dat ze entschëllegen.