Fräie Mikro Mediebildung vs Fake News

Vill Kanner sinn ze fréi an ze vill um Handy, ouni ze wëssen, wou si zouverlässeg Informatiounen hierkréien - d'Mediebildung an de Schoule muss dorop reagéieren, mengt déi fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch, d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

Judith Reicherzer / cz

Meenung Kanner Computer Medien
Foto: Bigstock / style-photographs

En zweeten Dag schoulfräi wéinst Orkan, den ISL zou wéinst Corona ... Fake News an de Lëtzebuerger Schoulen. D'Schüler schwätzen doriwwer, wéi si iwwer néi Sneakere schwätzen. Si si Fake-News-Experten. Elo weist sech: D'Sensibilisatioun, déi an deene leschte Jore an eise Schoule gelaf ass, war effikass. Déi Jonk notzen den Handy net ëmmer clever, mee si wëssen entretemps Bescheed iwwer d'Risiken an de sozialen Medien. No der aktueller Shell-Studie fanne bal zwee Drëttel vun den däitsche Jugendlechen, datt Fake News e grousse Problem si fir eng Demokratie.

2020 ass d'Mediebildung endlech um Terrain ukomm. Dat éischt Konzept dozou hat de Lëtzebuerger Erzéiungsministère schonn 2008 publizéiert. Deemools war dat nach eng Spillwiss fir e puer Cineasten. Elo soll ALL Schüler mediekompetent ginn. En Dënschdeg huet de Ministère viru 600 Enseignanten vum Fondamental a vum Secondaire deen neie Medienkompass virgestallt. Dat ass eng Broschür mat vill Tabellen an e puer Beispiller, näischt wierklech Neies. An awer ass se wichteg.

D'Enseignante mussen hir Course ganz anescht opbauen

De Medienkompass ass wéi den ëffentleche Gratistransport - e staarke Statement. D'Buch an de Bic mussen elo offiziell hir Plaz mam Tablet deelen. Mee d'Konzept ass vill méi komplex. Et gëtt net duer, mat de Schüler mol eng Internetrecherche ze maachen oder e klenge Film ze dréien. Fir datt si wierklech kënne vun den digitale Medien profitéieren, mussen d'Enseignanten hir Course ganz anescht opbauen. D'Schüler solle vill méi individuell schaffen, manner auswenneg béchsen a problemorientéiert Denke léieren.

Dat ass e grousse Challenge fir all Enseignant. Esou e fundamentale Wiessel an der Didaktik kascht Zäit, en ass onbequem an eng Rei vun Enseignanten, déi am Klassesall gutt Pedagoge sinn, fille sech domadder elo iwwerfuerdert. De Ministère bitt hinne flott Formatiounen un. Mee d'Formateuren dierfen déi nei digital Programmer net als easypeasy Zaubermëttel verkafen an arrogant op all déi kucken, déi um Tablet méi Zäit brauchen.

D'Enseignante par konter däerfen net blockéieren. Et ass ze bëlleg, déi eegen Ängschte mat populisteschen Theorien ze kaschéieren, an ëmmer just ze behaapten, datt d'Kanner vum Smartphone asozial a krank ginn. Dat mécht den Eltere Suergen an hëlleft de Schüler net virun.

Medienerzéiung ass e Sujet fir déi ganz Gesellschaft

Datt vill Kanner ze frei ze vill a falsch am Handy sinn, ass sécher e Problem. Mee dëse Problem leit net um Tablet am Klassesall. Et kann net sinn, datt déi elektronesch Medien aus de Schoule verbannt ginn, well d'Kanner doheem ze vill um Handy sinn. Dat ass esou, wéi wann et an der Schoulkantin just Geméis dierft ginn, fir datt d'Kand owes doheem kann eng Fertigpizza iessen.

De Ministère huet niewent dem Medienkompass fir d'Enseignanten elo och eng Campagne bei den Eltere gestart. Medienerzéiung ass e Sujet fir déi ganz Gesellschaft. Elo mussen déi gutt Iddien um Terrain ëmgesat ginn. Och déi lescht Enseignante mussen de renge Frontalcours stoppen an déi nei Tablets intelligent asetzen. An d'Eltere mussen doheem den Handy aus der Kummer huelen, de Wecker bei d'Bett stellen an d'Gegranz vum Kand aushalen. All Mënsch muss aus senger Konfortzone eraus. Elo!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Bee Secure: "Les écrans en famille"
"Les écrans en famille"

Ënner dem Numm "Les écrans en famille" ginn den Educatiounsministère a Bee Secure Recommandatiounen, wéi een d'Zäit, déi Kanner virum Bildschierm verbréngen, kontrolléieren an organiséiere kann.

Wéi ausgebrannt si Schüler, Enseignanten an Elteren?
Educatioun

"Den Enseignement a besonnesch de Fondamental ass den Ament an enger Kris", där Meenung ass de Patrick Arendt. D'Ufuerderungen un d'Léierpersonal géif zouhuelen a vill Kolleege géife sech eleng gelooss fillen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen