Promotiouns-Modalitéite bei Spuerkeess "Mediatioun riskéiert ze scheiteren"

Spuerkeess
Spuerkeess

Nodeems d'CGFP Enn September virun engem gréissere Sozialkonflikt an engem eventuelle Streik bei der Spuerkeess gewarnt huet, riskéiert d'Mediatioun ze scheiteren. Dat huet d'Staatsbeamtegewerkschaft ugekënnegt. Beim Sträit geet et ëm d'Promotiouns-Modalitéite fir verschidde Gradë beim Personal vun der Spuerkeess. D'Personalvereenegung bei der Spuerkeess verlaangt vum Direktiouns-Comité, datt d'Mesuren aus der Reform am ëffentlechen Déngscht vun 2015 sollen ëmgesat ginn. D'Propos vum Mediateur an dësem Sträitfall wier fir d'CGFP an hir Ënner-Organisatioun APBCEE net acceptabel, esou de CGFP-President Romain Wolff.

"Et gesäit éischter esou aus, wéi wann déi net kann ugeholl ginn. An dat bedeit natierlech, datt sech elo weider wäert eppes doen. Dir wësst jo, datt um Enn vun enger Mediatioun d'Méiglechkeet besteet fir ee Streik."

Donieft géif et d'Méiglechkeet vun anere gewerkschaftlechen Aktioune ginn, esou de CGFP-President. An eng vun dësen Aktioune kéint ganz séier agesat ginn. Eng definitiv Entscheedung iwwer gewerkschaftlech Aktioune bei der staatlecher Bank soll Mëttwochs de 7. November falen.

"Regierung huet sech net beweegt"

D'Staatsbeamtegewerkschaft kritiséiert, datt d'Regierung sech am Dossier net beweegt hätt. D'CGFP hätt "vill Waasser an hire Wäin geschott", seet de Romain Wolff. "An do hätt een awer kënnen erwaarden, datt een op deen aneren awer och richteg zougeet. D'Gewerkschaftssäit huet et gemaach, déi aner Säit leider net." D'Propos vum Mediateur wier nach net "total ofgeleent", mee si wier "net acceptabel, eigentlech, riicht eraus gesot."

Och vun der neier Regierung erwaart de Gewerkschafts-President sech, datt Accorden an der Fonction Publique och an den Etablissements publics sollen ëmgesat ginn. Am Fall Spuerkeess wier besonnesch d'Dispositioun vun den automateschen Avancementer net ëmgesat ginn. Ganz vill Leit wieren dovu betraff, esou de Romain Wolff.

Méi zum Thema

Romain Wolff
CGFP

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP fuerdert, datt d'Stagiairë beim Staat nees zu 100 Prozent bezuelt ginn. D'Staatsfinanze wiere gutt an d'Stagiairë géife mat kompletten Tâchen agesat ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen