Bis elo war de Grupp Lafayette SA., déi de Patrimoine vum Bistum geréiert, Referenzaktionär vu Saint-Paul. Lafayette géif am Géigenzuch eng Minoritéitsparticipatioun u Mediahuis huelen. Zu deem Grupp gehéieren Titele wéi déi belsch Zeitung De Standaard, déi hollännesch Zeitungen De Telegraaf an NRC Handelsblad, mee och den Irish Independent an eng Rëtsch Radio-Senderen a regional Tëleestatiounen.
De François Pauly géif President vum Verwaltungsrot bleiwen, heescht et am Communiqué. Och den Direkter Paul Peckels an d'Chefredaktioun aus Roland Arens, Claude Feyereisen a Marc Schlammes sollen hir Poste behalen. Duerch d'Kooperatioun mat den anere Medien aus dem Grupp soll déi digital Transformatioun bei Saint-Paul erliichtert ginn, heescht et am Schreiwes. D'Ligne éditoriale vum Wort géif respektéiert ginn an d'Medie vum Grupp Saint-Paul géife weiderhi reliéis Sujeten an d'Kommunikatioun vun der Kierch couvréieren.