Dat neit Konzept an der Ettelbrécker Maternité soll ënner anerem erméiglechen, am Fall vun enger Urgence bei enger Gebuert iwwer Tele-Consultatioun op d'Expertise vun den Neonatologen am Stater CHL zeréckzegräifen, oder de Puppelche mat engem speziellen Neigebueren-Transport an d'Stad ze transferéieren.
Zanter der Re-ouverture vun der Ettelbrécker Maternité am Juni goufen et do 250 Gebuerten. A véier Fäll gouf, ënner dem neie Konzept, op d'Expertise vum Service vun der Neonatologie am CHL zeréckgegraff ginn, esou den Dr. Paul Wirtgen, den Direkter vun der Ettelbrécker Klinik.
Bei ongeféier 800 Gebuerten d'Joer wieren dëst awer rar Fäll, esou den Dr. Paul Wirtgen.
Eventuell Problematike virausgesinn
Den Direkter vum CHDN erkläert, datt d'Gynekologe scho beim Suivi vun de Patientinne kucke géifen, wou eng eventuell Problematik bei der Gebuert vun engem Puppelche virauszegesi wier.
An dëse Fäll géif een de Kontakt schonn am Viraus maachen, an d'Mamm géif am CHL scho Virstonne maachen oder direkt an den CHL transferéiert ginn, wa si misst hospitaliséiert bleiwen: "Et waart een net datt eng Patientin hei sollt komme fir a leschter Minutt bei der Gebuert villäicht mussen nouttransferéiert ze ginn".
Dat wier schonn ëmmer esou gemaach ginn, a géif zu der Missioun vun der Maternité gehéieren: nämlech déi, fir all Gebuert esou sécher ewéi méiglech ofzedecken.
"Et war eng schwéier Zäit"
Wéi de 4. Abrëll dëst Joer d'Nouvelle koum, datt d'Maternité zu Ettelbréck provisoresch géif hir Dieren zoumaache wéinst engem Manktem u spezialiséierten Dokteren am Fall vun enger Urgence, do wieren hir Patientinne fir d'éischt schockéiert gewiescht, seet d'Gynekologin Dr. Stephanie Beckené. Si huet hir Praxis zu Ettelbréck an assuréiert d'Accouchementer an der Maternité vum CHDN:
"Dat war eng schwéier Zäit, déi Zäit wou mir net konnten hei accouchéieren, wou mir eis Leit hu missen an d'Stad schécken, och wann dat alles ganz gutt geklappt huet."
D'Leit wieren elo immens frou, datt si nees kéinten zu Ettelbréck bleiwen, a véier Méint no der Reouverture vun der Maternité weist sech d'Dr. Stephanie Beckené och zefridden.
An enger Maternité wou keng Kannerdoktere sinn, wier et a verschiddene Situatiounen normal datt d'Kand an d'Mamm missten an d'Stad verluecht ginn, esou d'Gynekologin. Dëst wier natierlech net esou schéin, mee an där Situatioun, an där een elo géif schaffen, wier fir d'Sécherheet gesuergt.
Suergen ëm den Transfert - medezinescht Personal berouegt
Wéi et an enger Petitioun ronderëm d'Ettelbrécker Maternité heescht, géif dësen Trajet an d'Stad de Bewunner am Norde vill Suerge maachen. D'Petitioun plaidéiert dofir, datt d'Urgence bei Mammen, Puppelcher an och Kanner 24 op 24 Stonnen soll kënnen zu Ettelbréck en charge geholl ginn.
Den Auteur vun der Petitioun, de Steve Schmitz, seet datt beim Trajet ganz vill kéint geschéien, an hie géing d'Mamme verstoen, déi do net méi wéilten accouchéieren.
Dat gesäit Dr. Stephanie Beckené net esou. Esou en Transfert wier natierlech kee schéint Erliefnes, eppes Schlëmmes géing do awer net geschéien an dat géif hir Patientinnen och net dovun ofhalen, zu Ettelbréck wëllen ze accouchéieren. Eng kleng Maternité hätt aner Virdeeler, et wier méi familiär an d'Leit géife sech immens wuel spieren, esou nach d'Gynekologin.
Den Dr. Paul Wirtgen, ënnersträicht bei dëser Thematik och nach, datt een d'Missioune vun der Maternité an enger spezialiséierter Kannerklinik net verwiesselen dierft:
"Du hues gewëss Missiounen an et däerf een net verwiesselen déi [Missioune] vun der Maternité, déi mir fir eis gréisst Maternité komplett ofdecke mat der beschtméiglecher Sécherheet, an d'Missiounen an enger spezialiséierter Kannerklinik, wou ebe krank Kanner a fréigebuere Kanner traitéiert ginn, dat ass d'Neonatologie am CHL."
Et wier schwiereg, fir 365 Deeg am Joer spezialiséiert medezinescht Personal ze hunn, fir eng bis zwou Urgencen bei Gebuerten de Mount assuréieren.
An eng ganz Kannerklinik am Norden opzebauen, dat wier nach eng Kéier eng ganz aner a komplex Fro, esou nach den Direkter vum Ettelbrécker Spidol. Dëst hat d'Gesondheetsministesch beim ëffentlechen Debat zum Thema vun der Petitioun schonn duerchblécke gelooss.