Pilotprojet zu Berlin Mat "Panikherz" zeréck an den Theater
Wärend zu Lëtzebuerg Theatere schonn op Héichtoure lafen, steet d'Kultur an Däitschland nach ëmmer stëll. Ee Pilotprojet zu Berlin soll elo eng Perspektiv fir d'Reouverture liwweren. Am Theater um Bertolt-Brecht-Platz gëtt e Freideg a Samschdeg "Panikherz" gespillt. Eng Adaptatioun vum Benjamin von Stuckrad-Barre sengem autobiographesche Roman.
De Pilotprojet "Perspektive Kultur" soll mat der Hëllef vu Schnelltester d'Reouverture vun der Kultur zu Berlin vereinfachen.
Zu Berlin gi méiglech Demarchë fir eng sécher Ouverture vun der Kultur getest: de Pilotprojet "Perspektive Kultur" ass vun der Berliner Senatsverwaltung fir Kultur an Europa lancéiert a leeft a Kooperatioun mat verschiddene Kulturhaiser.
Pilotprojet bis Ouschteren
A Kombinatioun mat strikte Sécherheetsmesurë solle Schnelltester den Infektiounsrisiko esou niddreg wéi méiglech halen. D'Schnelltester sinn dofir bis zu 12 Stonne virum Evenement am Asaz - souwuel bei de Visiteuren, wéi och bei de Mataarbechter an de Kënschtler. Bei der Entrée gëtt da kontrolléiert ob d'Daten um personaliséierten Ticket mat deenen um negativen Testresultat an der Carte d'identité iwwereneestëmmen.
Zil vum Projet ass et eng wëssenschaftlech Basis fir sécher Covid-Mesurë bei Spektakelen a Veranstaltungen ze schafen. No der Auswäertung vun den Tester sollen d'Resultater fir Interesséierter zur Verfügung gestallt ginn.
Eng vun den Institutiounen, déi deelhuelen ass de Berliner Ensembel. Am Theater um Bertolt-Brecht-Platz, gëtt e Freiden a Samschde "Panikherz" gespillt. Dem Oliver Reese seng Adaptatioun vum Benjamin von Stuckrad-Barre sengem autobiographesche Roman, behandelt dem Auteur säi Kampf mat Drogen a psycheschen Erkrankungen. Trotz dem belaaschtenden Theema appelléiert d'Stéck un Hoffnung, sou den Realisateur Oliver Reese:
"Das hat sehr viel Musik, das ist auch sehr unterhaltsam. Es spricht sehr direkt von der Bühne runter zum Zuschauer und es zeigt einen Kampf der Hauptdarstellers, des jungen Benjamin, durch verschiedenste Lebenskrisen. Und ganz am Ende schafft er es, sitzt in L.A. im Hotel, trinkt eine Tasse Kamillentee und sagt 'Man muss achtsam bleiben!'. Und diese Botschaft - keine Panik - in so einer krisenhaften Situation, die finde ich ist eine tröstliche und sympathische Botschaft."
"Eine isolierte Insel der Glücklichen"
350 Spectateure kënne bei all Opféierung dobäi sinn. D'Tickete ware bannent Minutten ausverkaaft.
De Realisateur trauert iwwer d'Stagnatioun vum Theater a sengem vollen Ausmooss:
"Ja, da spielen wir zwei Mal Theater aber ich breche deswegen jetzt nicht in Freudenschreie aus. Denn es ist ja ganz klar, das ist eine kleine, isolierte Insel der Glücklichen. Da spielen wir an zwei Abenden aber das hat noch keine Perspektive für eine weitere Öffnung und insofern, ist das nicht mehr als eine Erinnerung an das was Theater war und sein kann. Aber es ist noch keine Erlösung."
Hie kritiséiert virun allem de pauschalen Ëmgang vun der Politik mat der Kultur.
"Ich finde, dass die Kultur ganz allgemein, ganz grundsätzlich zu pauschal und zu einfach und zu schnell in bestimmte Kästen gesteckt wurde und, dass eine genauere, differenziertere Betrachtung richtig gewesen wäre. In Spanien haben eine ganze Reihe von Theatern und Opernhäusern seit Juni durch gespielt bis zum heutigen Tag, weil man dort die Häuser einzeln analysiert hat."
D'kulturell Offer vum Pilotprojet "Perspektive Kultur" zitt sech vum 19. Mäerz bis de 4. Abrëll duerch eng Rei vu Berliner Kulturhaiser. Nieft "Panikherz" sinn e weidert Theaterstéck, diverse Concerten, eng Konferenz an Opere geplangt.
