Europawahlen 2019 Marc Spautz kandidéiert net fir Europawahlen

De Marc Spautz wäert net bei den Europawahlen de 26. Mee kandidéieren, obwuel hie vu senger Partei fir eng Kandidatur gefrot gi wier. Dat huet den CSV-Deputéierten a fréiere Partei-President haut am 100,7-Interview däitlech gemaach.

Serge Kesseler / cbi

Exklusiv Marc Spautz
De Marc Spautz ass 1981 der CSV bäigetrueden. Vum Februar 2014 bis Januar 2019 war hie Parteipresident. Foto: Archiv.

"Ech hu wëlles déi nächst fënnef Joer an der Lëtzebuerger Chamber ze sinn an och déi nächst Chamberwahlen nach eng Kéier matzegoen", huet de Marc Spautz erkläert. Hie kéint sech net virstelle Kandidat op der CSV-Europalëscht ze sinn.

1999 hat de Marc Spautz bei den Europawahle kandidéiert: ënner den deemools nach 12 Kandidaten op der CSV-Lëscht war hie virun 20 Joer op déi véiertleschte Platz komm.

D'Tageblatt hat haut an engem Kommentar geschriwwen "dem Vernehmen nach soll sich Marc Spautz an der Europawahl beteiligen" an "auch Viviane Reding ist als CSV-Kandidatin für das EU-Parlament im ernst zu nehmenden Gespräch".

D'CSV-Deputéiert a fréier Europadeputéiert Viviane Reding huet eis op Nofro hi geäntwert, si géif sech net op Spekulatiounen aloossen.


De Marc Spautz:

Lauschteren

Méi zum Thema

Jean Asselborn
Europawahlen 2019

Héichrangeg Sozialdemokraten hunn dem Kurier de Jean Asselborn als méigleche Spëtzekandidat fir d'Europawahlen 2019 genannt. Als Avantagë géife seng medial Präsenz an d'Méisproochegkeet gëllen.

Charles Goerens
DP-Europadeputéierten

De Charles Goerens geet dësen Oktober net mat an d'Chamberwahlen, well hien een definitive Stréch ënnert déi national Politik gezunn hätt. Bei den Europawahlen 2019 wëllt hien awer erëm kandidéieren.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen