Gesellschaft Marc Hansen: Impfflicht muss mat Sanktiounen duerchgesat ginn

De gréngen Deputéierte Marc Hansen betount, wann eng Impfflicht agefouert gëtt, da missten et och Strofe fir déi ginn, déi sech net un déi Flicht halen.

Rick Mertens / cz

Marc Hansen
Foto: Flick Chambre des Députés

De Marc Hansen wollt sech de Moien hei op der Antenn awer nach net festleeën, wéi déi Strofe genee sollen ausgesinn. Et wäert dono awer warscheinlech op administrativ an op Geldstrofen erauslafen, sou den Deputéierten.

"Et gëtt engersäits déi finanziell Sanktiounen, an da bleiwe jo och nach déi Mesuren en Place, déi elo schonn do sinn. An déi Leit, déi net geimpft oder genese sinn, déi si jo och doduerch impaktéiert."

D'Strofe sollen dem gréngen Deputéierten no och applizéiert ginn "soss brauche mer keng Sanktioune festzehalen".

D'nächst Woch ass an der Chamber dann eng Debatt geplangt, an der d'Parteie Stellung zur Impfflicht sollen huelen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Zaldot virum Groussherzogleche Palais
Lëtzebuerger Arméi

D'Arméi-Gewerkschaft SPAL ass net zefridden iwwer d'Aféierung vun enger Impfflicht bei der Arméi. Et kéinte wichteg Leit beim Rekrutement verluer goen, warnt de SPAL-President Christian Schleck.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen