Lëtzebuerger Flüchtlingsrot "Mannerjäreg Flüchtlinge séier scolariséieren!"

D'Integratioun an déi normal Schoul an d'Fro vum Tutorat wieren déi dréngendst Dossieren, wann et ëm den Ëmgang mat mannerjärege Flüchtlinge geet - seet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.

Sophie Morang / cbi

Yves Schmidt
Den Yves Schmidt vun der Cartias.

"Den éischten Ament ass et richteg, wa mannerjäreg Flüchtlingen an eng Classe d'accueil opgeholl ginn", seet den Yves Schmidt vum Flüchtlingsrot a vun der Caritas. D'Gesetz géif eng maximal Dauer vun engem Joer virgesinn, an déi misst och agehale ginn, esou seng Fuerderung. "An de Classes d'accueil léiere si nämlech guer näischt", esou den Yves Schmidt. Hei géif och eng Stigmatisatioun geschéien, déi net gutt wier. Et wier immens wichteg, séier an déi "normal" Schoul z'integréieren.

Grouss Sensibilitéit

All d'Acteuren hei am Land hätten eng grouss Sensibilitéit fir d'Thematik, analyséiert den Yves Schmidt. "Tout n'est pas noir" seet hien. Et ginn awer eng Partie Problemer, déi geléist misste ginn. Een dovunner betrëfft d'Roll vum Tuteur. Déi wier net kloer am Gesetz. Et géif sech ëmmer hannert deem "faméisen Administrateur ad hoc" verstoppt ginn. Dat wier am konkreten dann den Affekot, deen den Dossier traitéiert. Fir dee wier et eben awer och "just en Dossier". Dee géif sech net ëm den Alldag vun de Betraffene këmmeren, ëm hir Soine, oder och hir Kleeder. Verschidden ONGen - wéi ënnert anerem d'Caritas - géifen d'Tuteuraufgaben iwwerhuelen. "Mä d'Roll ass vum Gesetz hier net kloer definéiert", seet den Yves Schmidt. "Et ass héich Zäit déi ze preziséieren".

Méi zum Thema

Ernest Walerius.JPG
Gemengewalen

D'Auslänner- an Integratiounskommissioun vu senger Gemeng géif net genuch fir Flüchtlinge maachen, seet de Buergermeeschter vu Bäerdref. Eng 150 Flüchtlinge sinn an der Weilerbaach ënnerbruecht.

Yves Schmidt
Caritas Lëtzebuerg

Caritas Lëtzebuerg geréiert eelef Foyere fir Asyldemandeure mat enger Gesamt-Kapazitéit vun 1.240 Plazen. Ronn een Drëttel vun de Platzen ass fräi, esou de Caritas-Vertrieder Yves Schmidt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen