Corona-Kris Manner Spenden: D'Caritas kéint Entwécklungsprojete stoppen

D'Caritas krut an der Kris allgemeng méi Spende wéi an engem "normale Joer". Dat gëllt awer nëmme fir sozial Projeten hei am Land. D'Done fir Projeten an Entwécklungslänner wieren an der Kris däitlech zeréckgaangen, seet d'Marie-Josée Jacobs, Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Marie-Josée Jacobs
D'Marie-Josée Jacobs ass Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg. Foto: Archiv

D'Caritas wier dofir um Punkt, wou verschidde Projeten eventuell misste gestoppt ginn, well et un den néidege Moyene feelt, esou d'Marie-Josée Jacobs. D'Kris géif een dozou zwéngen an der Entwécklungshëllef Choixen ze treffen "déi net liicht falen".

"Et musse méi Choixe gemaach ginn iwwer d'Zuel vun de Länner, an deenen der schafft. An eben iwwer d'Länner, déi betraff sinn, wou der da gesitt: dat do geet méi séier virun, oder do kanns de méi séier hëllefe mat deene Suen, déi s de zur Verfügung hues."

Wéi vill genee manner gespent gouf, kéint een zwar nach net soen, esou d'Marie-Josée Jacobs. Si betount awer den Ënnerscheed zu de Jore virdru wier "considerabel".

Eng schwiereg Situatioun an Entwécklungslänner

Datt verschidde Projeten eventuell misste gestoppt ginn, géif awer net nëmmen un engem Abroch bei de Spenden, mee och un engem Réckgang beim Budget leien: et wiere 60 Milliounen Euro am Ministère manner disponibel.

D'Situatioun an der Entwécklungshëllef wier deemno "duebel schwéier", esou d'Marie-Josée Jacobs, an dat géif d'ONGen zwénge méi Choixen ze maachen, déi net einfach wieren.

"Wann der e Projet an engem Land maacht, an dir fänkt un eng Schoul ze bauen, dann ass déi jo net an engem Dag fäerdeg, dat sinn dann awer Saachen, déi ee bis zwee Joer daueren. A wann der dann op eemol keng Sue méi hutt, da kennt der net méi virufueren. An dat ass fir déi Länner eppes, wat bal net ze verstoen ass."

D'Caritas-Presidentin hofft dofir, datt d'Lee bis zwee Joer méi lues virukommen. A si appelléiert un d'Donateuren d'Entwécklungslänner net ze vergiessen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Nicole Ikuku
Spenden

D'Lëtzebuerger ONGe waren 2020 net esou visibel an net esou vill um Terrain ënnerwee wéi gewollt. Duerch d'Pandemie war et méi komplizéiert Spenden ze generéieren. D'Chrëschtdeeg bleiwen elo d'Hoffnung.

Marie Josée Jacobs
Am Gespréich

D'Marie-Josée Jacobs war zwanzeg Joer laang Ministerin an ass aktuell Presidentin vun der Fondation Caritas Lëtzebuerg. Et ass hir Passioun a Missioun fir de Mënschen ze hëllefen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen