D'Zuele vum Satelitten-Operateur Manner Ëmsaz a Benefice fir d'SES

D'SES huet 2017 manner Ëmsaz a manner Benefice gemaacht. Beim Chiffre d'affaires ass et e Minus vu 5,2 Prozent am Verglach mat 2016. D'Netto-Resultat louch d'lescht Joer bei ronn 596 Milliounen Euro. Dat si bal 21 Prozent manner wéi 2016, wann een aussergewéinlech Recetten erausrechent. Den SES-Generaldirekter schwätzt vun engem kruzialen Transformationsjoer 2017 fir d'SES.

Serge Kesseler / ys

ses

E Freideg de Moien huet d'SES d'Resultater 2017 presentéiert. Wéinst engem schwierege Marché dat ganzt Joer iwwer a wéinst Problemer mat der Gesondheet vun der Satellitte-Flott wieren d'Performancë vun der SES manner gutt gewiescht, wéi virausgesot, sot den Nach-Generaldirekter Karim Michel Sabbagh.

Ähnlech huet sech de President vum SES-Verwaltungsrot Romain Bausch ausgedréckt. Et wier ee sech bewosst, datt et eng schwiereg Zäit fir den SES-Aktiecours ass. De Cours war op ënner 11 Euro gefall. D'Leeschtung verbesseren an eng kloer Kommunikatioun mam Kapital-Marché, dat wier der SES hir Strategie fir den Aktiecours ze verstäerken. "Déi Responsabel vun SES stinn hannert dësem Ziel an Dir wäert gesinn, datt et 2018 gutt Fortschrëtter wäerte ginn", seet de Romain Bausch.

"Entscheedung direkt matgedeelt"

2018 soll den Transformatiouns-Prozess bei der SES ofgeschloss ginn. Nei Wuesstumsméiglechkeete sollen identifizéiert ginn.

E Wiessel un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Satellitten-Operateur wäert et de 5. Abrëll ginn. De Generaldirekter Karim Michel Sabbagh hat viregte Méindeg seng Demissioun ugekënnegt. Säin designéierten Nofolger ass de Steve Collar. Zur Fro vum Timing vun der Kommunikatioun iwwert dës Decisioun sot de Romain Bausch, datt eng Entscheedung direkt misst matgedeelt ginn, soubal se gefall ass. Dat hätt ee gemaach.

Manner héich Dividendë fir 2017

Den SES-Verwaltungsrot proposéiert fir 2017 manner héich Dividenden: Fir eng Aktie vun der Kategorie A sollen et 80 Cent ginn a fir d'Kategorie B sollen et 32 Cent ginn.

D'Aktionäre vun der Kategorie B sinn de Lëtzebuerger Staat an déi béid Banke Spuerkeess an SNCI. Hinne gehéiert zesummen een Drëttel vun der SES. Fir si wäerten et deemno manner héich Dividendë-Recettë ginn.

D'Dividendë mussen nach vun der SES-Assemblée générale de 5. Abrëll gutt geheescht ginn.

Méi zum Thema

SES Satellit
Spaceindustrie

D'Analyste maache sech Suergen ëm d'Zukunft vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer SES. D'Industrie ass am Wandel, an och déi Lëtzebuerger Entreprise SES kënnt net laanscht dëse Wandel.

LuxGovsat 2
Launch

De GovSat-1 ass am Weltraum ukomm. 30 Joer nom Lancement vum Lëtzebuerger Astra 1A-Satellit schwätzt d'Regierung elo vun engem neie Kapitel. Wéi koum et zum Militärsatellit a wat bréngt e Lëtzebuerg?

Philippe Glaesener.JPG
Wirtschaft

De Satellittebedreiwer wëllt an de chinesesche Marché eraklammen. D'SES kéint awer net dofir responsabel gemaach ginn, datt déi chinesesch Regierung den Internet staark iwwerwaacht, esou de Philippe Glaesener.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen